Gattung (Biologie)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Gattung oder de Genus ass eng Eenheet vum System vun de Liewewiesen, déi verwandschaftlech di selwescht Aarten zesummefaassen. D'Gattunge ginn selwer ënnert Famillje klasséiert.
D'Gattungsbezeechnung ass di selwescht fir all d'Aarten déi dorënner falen. Esou gesäit een z.B. bäi den zwou Aarten vun der Wëllkaz (Felis silvestris) an der Grokaz (Felis bieti), datt se allebéid aus der Gattung Felis sinn.