Opus 78
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Big Band Opus 78 ass eng eng lëtzebuergesch Big Band déi 1978 aus dem UGDA Jugendorchester erausgaangen ass. Et waren den Claude Sinner an den Laurent Loll Drees déi d'Iddi haten, eng Orchesterformatioun weiderzeféieren. Iwwer déi leschte Joeren huet sech de Museksstil vum traditionnelle Big-Band Jazz an eng Mëschung vu moderner Big-Band, Fusion a Pop entwéckelt. Zënter 2002 steht den Ensembel ënnert der musekalescher Leedung vum Serge Bausch.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Historique
[Änneren] 1978 - 2003
Deen éischten Concert vun Opus 78 war de 6. Juli 1978 am Hall 75 zu Nidderkäerjeng. Den 4. Juni 1988 ass dun zu Hesper den 10ten Gebuertsdaag vun der Band gefeiert gin. Dee groussen Galaconcert vun deem Owend ass live vum Radio iwwerdro ginn. 1993 ass am Kader vum 15ten Gebuertsdaag vun der Big Band, den éischten Disk Jalousie rauskomm, deen vun Claude Sinner produzéiert gouf.
Deen zweeten Disk Setting the StabdARTS, huet nit méi wéi zwee Joër op sech waarde geloos. Entstaanen ass dësen Disk ënnert der Direktioun vun Serge Hentzig, deen den Loll Drees um Bengelschen oofgeléist huet, a mat dem Matwieken vun der Sängerin Joan Orleans. Dem Gasty Meyer seng Kompositiounen an Arrangementer hun ganz vill zum Succès vun dëser Produktioun beigedroen. An dësem Kontext gouf den 6. Oktober 1996 ee Concert mam Joan Orleans am Atelier an der Staad gespillt.
Fir den 20ten Gebuertsdaag vum Ensembel ass den 26. Abrëll 1998 zu Sandweiler am Centre Culturel ee grousse Concert zesummen mam Peter Herbolzheimer a mam Silvia Droste gespillt gin. Dësem Concert ass ee openen Workshop mam Silvia a mam Peter viraus gaang.
[Änneren] 2003
[Änneren] 2004
[Änneren] 2005
[Änneren] 2006
[Änneren] Muséker
Hei eng nit exhaustif Lëscht vun de Musiker, déi zënter 1978 durch d'Regësteren vun der Big Band Opus 78 gaange sin. Wann Dir Iech selwer oder soss ee rëmfand, deen nit hei derbäi ass, da soot eis w.e.g. bescheed. D'Muséker vun der aktueller Formatioun (01/09/2006) sin mat engem (*) markéiert:
Bausch Serge (BL*, trp*); Burgund Gilles (trp*); Christophe Raoul (trp*); Dühr Joël (sax*); Fellerich Jérôme (sax*); Gindt Laurent (trb*); Glod Georges (sax*); Jemming Jean-Claude (gtr*); Koch Cooky Alain (sax*); Kohl Alex (trp*); Martinez Pedro (trp*); Meisch Fränz (voc*) ; Melchert Karin (voc*) ; Pagliarini Olivio (trb*); Peters Philippe (dr*); Pierre Laurent (sax*); Rod Nico (trb*); Schaltz Mike (trb*); Schaus Claude (p*); Wecker Lex (b*)
[Änneren] Discographie
1993 ass fir de 15. Gebuertsdag vum Orchester deen éischten CD Jalousie erauskomm. Op deem CD si Klassiker vu Swing bis Jazz, wéi z. B. I'm getting sentimental over you, Summertime, Fly me to the moon an In the Mood. | |
Den zweeten CD, Setting the StandARTS, ass am Joer 1995 erauskomm, zesumme mat der Sängerin Joan Orleans. Ënnerstëtzt gouf d'Big Band duerch de lëtzebuergesche Komponist Gasty Meyer. | |
Ufank 2003 koum den drëtten Album Let it Swing eraus. Et ass eng Retrospektiv op 10 Joer Opus 78 mat Stécker, déi am Studio opgeholl goufen, awer och mat Live-Arrangementer. Op dësem CD sinn och Zesummenaarbechte mat dem Gasty Meyer, der Silvia Droste, der Joan Orleans, dem Peter Herbolzheimer, dem Jean-Lou Vanoli, an dem Ernie Hammes ze héieren. | |
D'Produktioun vu Let me entertain you baséiert um Live-Concert « Let it swing », deen d'Big Band den 22. November 2003 am Centre Sportif zu Déifferdeng ginn hat. Ausléiser heifir war de Concert vum Robbie Williams an der Royal Albert Hall zu London, dee mat sengem Swing-Album d'Big-Band-Musek nees waakreg gemaach hat. Arrangéiert gouf dat ganzt vum Paul Dahm a vum Georges Letellier. Ënnert der musekalescher Leedung vum Serge Bausch krut Opus 87 Ënnerstëtzung vum Fränz Meisch (Gesang), engem symphoneschen Ensembel a verschiddene Solisten. Derbäi woren ë. a. den Ensemble L'estro Armonico, d'Karin Melchert an den Ernie Hammes. | |
Op Let’s talk about music ginn d'grouss musekalesch Momenter aus de 70er, 80er an 90er mat engem kompletten Orchester a ville lëtzebuergesche Soliste gespillt. D'Arrangementer goufe speziell fir dësen Evenement geschriwwen an de Videomaterial gouf als DVD erausbruecht. |