Paul Dahm
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Paul Dahm, gebuer den 30. Dezember 1951 zu Käerjeng (Bascharage) ass e lëtzebuergesche Komponist a Museker, deen zu Lëtzebuerg-Märel wunnt.
[Änneren] Säi Liewen
Vu 1959 bis 1965 a vun 1969 bis 1977 besicht hien den Escher Conservatoire. Do léiert hie Solfège, Harmonie, Kontrapunkt, Piano, Saxophon, Klarinett a Flütt. Vu 1965 bis 1975 mecht hien Uergel, Harmonie, Kontrapunkt a Muséksgeschicht am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg. 1974 kënnt hien als Saxophonist an d' Militärmusek wou hien 1978 d'Big Band grënnt. Als Museker huet hie mat praktesch alle Muséker an a ville Bands geschafft. Vu 1987 un ass hie Chargé de cours an der Péitenger Musékschoul wou e Saxophon, Jazz, an Harmoniecours hält an eng Big Band opgeriicht huet déi mat vill Succès optrëtt. Vu 1992 un dirigéiert hien déi nei gegrënten Douane's Musek fir déi en ganz vill Arrangementer schreift.
[Änneren] Säi Wierk
Déi meeschte Stécker si vun der Militärmusek opgeholl ginn
- Buergmarsch (Prix Grand-Duc Adolphe)
- De Kordallmarsch (2. Präis fir d' 200 Joerfeier vun der Gemeng Péiteng)
- Accord de Schengen (Prix Grand-Duc Aldophe)
- Just for Fun
- Marche des Douanes et Accises
- D'Kaweechelchen
- D'Walfer Kasären (Text: Pol Pütz)
- Famill '94 (Ministère de la Famille)
- Family of Man (CD Lieux de mémoire et d'avenir Canton Clierf)
- Wormer Marsch
- Om Knapp (50 Joer Biwer Musek)
- De Iuventute (Freedefeier 2004)
- Marche du 100. anniversaire de la Fanfare Sandweiler
- Marche Grande-Duchesse Maria-Teresa
- Lucilinburhuc (100 Joer Merter Musek)
- Bonnevilla (50 Joer Fanfare Prince Henri)
- Aus der Déift (Prix d'encouragement Union St. Pie X)
- Kompositioune fir Big Band
Iwwer 100 Arrangementer fir Big Band, Sträichorchester, Blosorchester asw. Déi meeschte Wierker si beim hollänesche Verlag Bronsheim opgeluet.