Mechelen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Mechelen (Malines op franséisch) ass eng belsch Stad an der Provënz Antwerpen, a Flanderen. Et huet 76.981 Awunner (2004). Mechelen läit un der Dijle an um Kanal vu Léiwen. Zu der Gemeng gehéieren och d'Uertschaften Nekkerspoel, Battel, Walem, Heffen, Hombeek, Leest, a Muizen. Zënter 1559 ass et de Sëtz vum Äerzbistum vun der Belsch (haut: Äerzbistum Mechelen-Bréissel).
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geschicht
De Traditioun no gouf Mechelen am 8. Joerhonnert vum Hellege Rombout, engem iresche Missionnär christianiséiert. D'Herrschaft vu Mechelen huet fir d'éischt de Prënze-Bëscheef vu Léck, dono de Grofe vu Flandern an den Herzoge vun der Bourgogne (14. - 15. Joerhonnert) ënnerstanen. Säin Héichpunkt huet Mechelen ënnert der Herrschaft vu der Margarethe vun Éisträich, an dono dem Charel V., wou et d'Haaptstad vun den Habsburger Nidderlanden (méi oder manner den haidege Benelux) war. Am 16. Joerhonnert gouf Bréissel ëmmer méi wichteg, op Käschte vu Mechelen.
Déi éischt Zuchstreck um europäesche Festland huet 1835 Bréissel mat Mechelen verbonnen; Mechelen ass haut nach e wichtegt Eisebunnskräiz, an d'Ateliere vun der SNCB sinn hei.
D'Kasär "Dossin de Saint Georges" bei Mechelen ass am Zweete Weltkrich zum "SS-Sammellager Mecheln" emfonctionéiert ginn, vu wou aus 25.257 belsch Judden an 28 Convoien op Auschwitz deportéiert goufen. Zwee Drëttel vun hinne goufen direkt vergaast, wéi s'ukoumen, just 1.207 hunn d'Lager iwwerlieft. Haut ass an deem Gebai de Museum van Deportatie en Verzet, de Musée fir Deportatioun a Resistenz.
[Änneren] Kuckeswäertes
- D'Kathedral Sint-Rombout, 13. - 14. Joerhonnert mat hirem imposanten, 97 Meter héigen Tuerm (deen op der Unesco-Lëscht vun der Weltkulturierfschaft steet, a sengen zwéi Klackespiller mat je 49 Klacken.
- De Grote Markt mam Stadhaus an enger Rëtsch alen Haiser;
- De Musée fir mëtelalterlech Konscht, deen am éischte Stadhaus aus dem 13. Joerhonnert ënnerbruecht ass
- D' Sint-Janskerk, Mat engem Altorbild vum Rubens (D'Helleg Dräi Kinneken, déi de Jesus ubieden).
- D'Kierch Onze-Lieve-Vrouw-over-de-Dijle, déi och e Bild vum Rubens huet (D'Wonner vum Fëschfank)
- De Béguinage;
- De Palais vun der Marguerite vu York, dem Karel V. senger Bomi, an deem haut den Theater ass;
- De Palais vun der Margarethe vun Éisträich, dem Karel V. senger Tatta, an deem haut de Justizpalais dran ass.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Aartselaar - Antwerpen - Arendonk - Baarle-Hertog - Balen - Beerse - Berlaar - Boechout - Bonheiden - Boom - Bornem - Borsbeek - Brasschaat - Brecht - Dessel - Duffel - Edegem - Essen - Geel - Grobbendonk - Heist-op-den-Berg - Hemiksem - Herentals - Herenthout - Herselt - Hoogstraten - Hove - Hulshout - Kalmthout - Kapellen - Kasterlee - Kontich - Laakdal - Lier - Lille - Lint - Malle - Mechelen - Meerhout - Merksplas - Mol - Mortsel - Niel - Nijlen - Olen - Oud-Turnhout - Putte - Puurs - Ranst - Ravels - Retie - Rijkevorsel - Rumst - Schelle - Schilde - Schoten - Sint-Amands - Sint-Katelijne-Waver - Stabroek - Turnhout - Vorselaar - Vosselaar - Westerlo - Wijnegem - Willebroek - Wommelgem - Wuustwezel - Zandhoven - Zoersel - Zwijndrecht