Lëtzebuerger Guiden a Scouten
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten, kuerz LGS, sinn de gréissten Verband vu Guiden a Scouten vu Lëtzebuerg. Mat ongeféier 5.000 Memberen sinn d'LGS och déi gréisst Jugendorganisatioun zu Lëtzebuerg. 62 lokal Gruppen ginn et am Land. D'LGS sin 1994 aus dem Zesummeschloss vun den zwee kathouleschen Verbänn Lëtzebuerger Guiden a Lëtzebuerger Scouten entstaanen. Haut spillt Relioun an der Methode vun den LGS keng Roll méi. Amplatz get Wert op de perséinlechen Fortschrett vun dem Jugendlechen geluecht, zu deem och fier deen eenzelnen déi perséinlech Spiritualitéit ka gehéieren.
Zum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten gehéieren och nach folgend Organisatiounen:
- ONG Guiden a Scouten mat der Drëtter Welt
- Fondatioun Guiden a Scouten am Dengscht vun de Jonken
- Lëtzebuerger Guiden a Scouten A.S.B.L.
- Centre de Formation et d'Animation um Neihaischen
- Relais de l'Amitié zu Bilschdref
- Jugendhaus Bissen
- Foulards Blancs
- Gamma Scouten
D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten sin als eenzege Lëtzebuerger Verband Member vun der Guideweltorganisatioun WAGGGS (World Association of Girl Guides and Girl Scouts) a vun der Scoutsweltorganisatioun WOSM (World Organization of the Scout Mouvement). Déi aaner zwee Verbänn (FNEL an AGGL) si just Member vun enger vun desen zwou Weltorganisatiounen.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geschicht
- 1919 huet de Verband vun de Lëtzebuerger Scouten (Fédération Nationale des Scouts du Luxembourg - FNSL) déi Scoutstruppen zesummegefaasst, déi deemools - deelweis schonn zënter 1913/1914 - als Sektioune vum "Verband der luxemburgischen katholischen Jugendvereine" bestan hun.
- Am November 1938 gouf de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden (Catholic Luxembourg Girl Guides) vum Mgr. Pierre Posing gegrënnt. Déi éischt Guidesektioun war d´Sektioun Notre-Dame, Lëtzebuerg-Kathedral.
- D´Lëtzebuerger Scouten an d´Lëtzebuerger Guiden waren zwee Jugendmouvementer, denen hirt Haaptzil d´Erzéiung vun de Kanner a Jugendleche war. Allebéid hu se dobäi nom Erzéiungskonzept vum Baden-Powell geschafft. Hien huet séng Iddiën a seng Method ufanks vum 20 Jorhonnert, entspriechend de gesellschaftleche Strukture vun deemools, wuel getrennt fir Jongen a Medercher formuléiert, mee all Kéier an der selwechter Zilsetzung an am selwechte Geescht.
- Haut hun déi gesellschaftlech Strukture geännert. Dofir hun déi zwee chrëschtlech orientéiert Verbänn, déi déi selwecht Ziler ustriewen, no intensivem Iwwerleën an Zesummenaarbecht de 15. Mee 1994 décidéiert, an engem eenzege Verband ze fusionéieren.
- Am Hierscht 2004 hun d'Arbechten ugefaangen fir déi nei Zentral vun de Guiden a Scouten. Ab 2007 wärt d'Géisserei dann de Centre Convict als Zentral ofléisen.
[Änneren] Struktur
D'Leedung vum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ennerläit dem Commissaire générale, dem Commissaire générale adjoint an dem Aumônier général. Eng Rei Commissairen mat speziellen Chargen stin hinnen zur Säit. Si alleguer zesummen bilden den Comité fédérale.
Eng Lëscht vun alle Commissairen:
- Commissaire générale
- Commissaire général adjoint
- Aumônier général
- Biber-Commissaire
- Biber-Commissaire adjointe
- Wëllefchers-Commissaire
- Wëllefchers-Commissaire adjointe
- AvEx-Commissaire
- AvEx-Commissaire adjoint
- CaraPio-Commissaire
- CaraPio-Commissaire adjoint
- RaRo-Commissaire
- RaRo-Commissaire adjoint
- Commissaire fir Gruppechef
- Programm-Commissaire
- Internationale Commissaire WAGGGS
- Internationale Commissaire WOSM
- Technesche Commissaire
- Commissaire fir Public-Relations
- Finanzcommissaire
- Commissaire au développement communautaire
- Secherheetscommissaire
[Änneren] Method
D'Method vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten besteet aus folgenden Haaptpunkten:
- Léieren duerch Selwermaachen (learning by doing)
- Andeelung an Altersgruppen (Branchen)
- Spill an Aarbecht a klengen Equipen
- Liewen an der Natur
- den Asaz fir anerer
- den Engagement, d´Matbestëmmung an d´Matverantwortung
[Änneren] Branchen
All Grupp ass opgedeelt an déi verschidden Branchen. Dëss gi vu forméierten Chef enkadréiert. Déi eenzel Branchen ennerscheeden sech äusserlech duerch d'Faarw vun der Sträif op hierem Foulard.
Branche | Faarw | Alter |
---|---|---|
Biber | Hell blo | 6-8 Joer |
Wëllef | Giel | 8-11 Joer |
AvEx | Moov | 11-14 Joer |
CaraPio | Rout | 14-17 Joer |
RaRo | Beige | 17-23 Joer |
Zousätzlech gëtt et nach Foularden mat enger wäisser Sträif, déi fir Commissairen, Aumonieren a Gruppechef geduecht sin.
[Änneren] Uniform
[Änneren] Ofzeechen
[Änneren] Gruppen
D'LGS bestinn aus 62 méi oder wéineger grousse Gruppen, déi sech virun allem no hirer geographescher Lag andeelen.
Uertschaft | Numm (Schutzpatroun) | Spaweck |
---|---|---|
Äischen | Saint Pierre | |
Bartreng | Saint Exupéry | |
Beetebuerg | Abbé Pierre' | |
Biekerech | Mahatma Gandhi | |
Bieles | Saint Paul | |
Bieles-Metzlerlach | Don Bosco | |
Briddel | Saint Hubert | |
Clausen | P.E. Mansfeld | |
Déifferdeng | Sainte Barbe | |
Diddeleng | Saint Jean | |
Dikrech | Saint Laurent/Tony Noesen | |
Duelem | Saint Martin | |
Esch-Grenz | Hl Baarbel | |
Esch-Uelzecht | Saint François | |
Esch-Uelzecht | Saint Joseph (Scouten) | |
Esch-Uelzecht | Saint Joseph (Guiden) | |
Ettelbréck | Ermesinde (Guiden) | |
Ettelbréck | Saint Sébastien (Scouten) | |
Gréiwemaacher | Saint Laurent | |
Groussbus | Saint Maximilien Kolbe | |
Housen-Houschent | Mère Thérèse | |
Houwald | Don Bosco | |
Iechternach | Saint Willibrord | http://www.lgs-echternach.org |
Jonglënster | Saint Martin | |
Käerjeng | Saint Willibrord | |
Käl | Sainte Marie (Scouten) | |
Kënzeg | Saint Remy | |
Kiischpelt | Saint Maurice | |
Klierf | Saint Benoît | |
Leideleng | LGS | |
Lëtzebuerg | Foulards Blancs | |
Lëtzebuerg | Saint Georges (Gamma Scouten) | |
Lëtzebuerg | Pierre d’Aspelt (Gamma Scouten) | |
Lëtzebuerg | Saint Alfonso (Groupe Portugais) | |
Lëtzebuerg-Beggen | Saint Christophe | |
Lëtzebuerg-Belair | Jang de Blannen | http://belair.lgs.lu/ |
Lëtzebuerg-Bouneweg | Saint Louis/Sainte Irmine | |
Lëtzebuerg-Cents | Saint François d'Assisi | |
Lëtzebuerg-Gaasperech | Georges Everling | |
Lëtzebuerg-Gare | Sacré-Coeur | |
Lëtzebuerg-Kiem | Robert Schuman | |
Lëtzebuerg-Lampertsbierg | Immaculée | |
Lëtzebuerg-Zéisseng | Notre-Dame de la Route | |
Luerenzweiler | Saint Laurent | |
Miersch | Saint Michel | |
Monnerech | Jules Bleser | http://www.jbm.lu/ |
Nidderaanwen | Schetzel | |
Péiteng | Hl Franz vun Assisi | http://www.lgs.lu/peiteng/ |
Réimech | Saint Cunibert | |
Réiserbann | Saint Donat | |
Rodange-Rolleng | Sainte Amalberge | |
Rued-Sir | Saint Jacques | |
Sandweiler | Saint Marc | |
Schëffleng | Saint Martin (Scouten) | |
Schëffleng | Yolande (Guiden) | |
Stengefort | Saint Hubert/Sainte Bernadette | |
Suessem | Sainte Catherine | |
Uewerkuer | Raoul Follereau | |
Vum Séi | Saint Pirmin | |
Walfer | Mahatma Gandhi | |
Wolz | Saint Sébastien | |
Wuermeldeng | Saint Jean Baptiste |
[Änneren] Um Spaweck
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
World Association of Girl Guides and Girl Scouts
World Organization of the Scout Mouvement