Kierch Pënsch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kierch vu Pënsch | |
Uertschaft | Pënsch |
Par | Pënsch |
Numm | Hl. Maximin - 29. Mee |
'Konsekratiounsjoer | ' |
Parverband | Kiischpelt |
'Architekt(en) | ' |
Reliéis Gebaier |
Pënsch ass eng vun den eelste Paren aus dem Éislek, eng vu deene sougenannte Mammkierchen, an och déi eelste Par vum Parverband Kiischpelt. Zënter dem 8./9. Joerhonnert steet hei eng Parkierch. Wahrscheinlech huet dës Par ursprünglech bis zum 8. Joerhonnert zur Diözes Tréier gehéiert. En Hiweis dorobber fanne mer beim Patrozinium, deen dem Hl. Maximin geweit ass, dem 2. Bëschof vun Tréier.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geschicht
Zënter dem 8. Joerhonnert huet Pënsch bis zur franséischer Revolutioun zur Diözes Léck gehéiert. De Klackentuerm ass aus dem 11. Joerhonnert, an ass wahrscheinlech vun der zweeter Kierch, déi hei gebaut ginn ass.
No engem Brand 1738 ass d’Kierch nei gebaut ginn, an 1879 ëm zwou Fënstere verlängert ginn.
Déi zwou al Klacke goufen no der franséischer Revolutioun 1803 ugeschaf fir déi Klacken ze ersetzen, déi hu missen ofgeliwwert ginn. An der Ardennenoffensive 1944-45 gouf d’Kierch zimlech staark beschiedegt.
Bis 1949 ass d’Kierch rekonstruéiert ginn ënner dem dynamesche Paschtouer Joseph Hurt. Eng lescht grouss Restauratioun war vun 1981-86 ënner dem Paschtouer René Jungels. D’Sakristei, als eelsten Deel vun der Kierch, gouf 2002 ënner dem Paschtouer Francis Erasmy komplett restauréiert. An engems gouf eng nei Altorinsel an de Chouerraum intégréiert.
E ganz grousse Projet war am Joer 2003 d'Restauratioun vum Klackentuerm an d'Uschafe vu 4 neie Klacken, fir esou e Gelauts vu 6 Klacken ze schafen. Di 4 nei Klacke goufe vum Klackegéisser Hermann Schmitt aus Brockscheid an der däitscher Äifel gegoss.
Am Joer 2005 huet missten di klasséiert Uergel komplett sanéiert a restauréiert ginn.
[Änneren] D'Kierch vu bannen
De ganze Mobiliar an d’Statue vun der Pënscher Kierch - esouguer de Sakristeischaf - ass tëschent 1739 an 1744 vum lëtzebuerger Schräinermeeschter a Skulpteur Jean-Georges Scholtus (ëm 1680-1754) réaliséiert ginn, deem säin Atelier zu Baastnech am deemolege Lëtzebuerg war.
Den Héichaltor, dee vu mächtege Sailen ëmrummt ass, huet an der Zentralnisch eng Statu vum Bëschof Maximin, mat als Attribut engem Bier. An där mi klenger Nisch uewendriwwer ass eng mi nei Statu vum Apostel Thomas. Den Zelebratiounsaltor weist eng Duerstellung vum Ecce homo.
De rietsen Niewenaltor weist eng Statu vun der Hl. Apollonia, mat uewendriwwer enger Statu vun der Hl. Barbara. Dee lénksen Niewenaltor weist eng Muttergottesstatu, an an enger Nisch uewendriwwer eng Statu vum Hl. Franz Xaverius.
Un der lénkser Mauer ass ee Priedegtstull ugemaach. U béide Maure sti jeeweils zwee Beichtstill .
An der Sakristei, deem ursprüngleche Chouer vun der aler Kierch, ass ee klenge Fresko ze fannen aus dem ca. 13. Joerhonnert.
D’Uergel ass 1899 vun de Gebrüder Müller vu Reifferscheid aus Däitschland gebaut ginn. Si huet 12 Regëster déi op 2 Manualen an d'Pedall verdeelt sinn. D'Uergel steet, wéi di ganz Kierch, ënner Denkmalschutz.
[Änneren] Patréiner
De Patréiner vun der Pënscher Kierch ass den Hl. Maximin. Déi zweet Patréinesch vun der Kierch ass d’Hl. Apollonia niewent dem Hl. Blasius an dem Hl. Niklos. De Patréiner vum ganze Kiischpelt ass zënter 1748 den Hl. Donatus.
[Änneren] Par Pënsch
Zur Par Pënsch gehéiere folgend Dierfer mat hire Kierchen: Äischer, Lellgen a Wëlwerwolz aus der Gemeng Kiischpelt, an Draufelt a Siwwenaler aus der Gemeng Munzen.