Äifel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D' Äifel ass eng hiwweleg Regioun a Westdäitschland, an (Nordrhein-Westfalen) an der Rheinland-Pfalz, südlech vun de belschen Ostkantonen, an nordëstlech vu Lëtzebuerg. Si stéisst also un d'Belsch an u Lëtzebuerg.
D'Äifel ass am Süden encadréiert vun der Musel an am Osten vum Rhäin. D'Äifel huet Ausleefer: am Nordwesten, d'Héicht Venn ( fr. Hautes Fagnes an der Belsch) an am Westen d'Ardennen. D'Äifel an d'Ardennen gehéieren zur selwechter geologescher Formatioun. Wat d'Äifel vun den Ardennen ënnerscheed as hire vulkaneschen Ursprong (kuckt: Vulkanäifel). Dëst ass an Däitschland nach däitlech ze erkennen (Maaren a Kraterséien).
[Änneren] Stied an der Äifel
- An der Äifel: Adenau, Bad Münstereifel, Bad Neuenahr-Ahrweiler, Béiberech, Daun, Eupen (Belsch), Eschweiler, Gerolstein, Hillesheim, Kaisersesch, Malmedy (Belsch), Manderscheid, Mayen, Mechernich, Monschau, Neierbuerg, Nideggen, Prüm, Schleiden, Schweich, Sankt-Vith (Belsch), Wittlech
- Gréisser Stied an der Noperschaft: Oochen, Bonn, Düren, Euskirchen, Koblenz, Köln, Léck (Belsch), Lëtzebuerg, Maastricht (Holland), Tréier.