Kierch Mäerkels
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kierch vu Mäerkels | |
Uertschaft | Mäerkels |
Par | Mäerkels |
Numm | Hl. Bartholomäus |
'Konsekratiounsjoer | ' |
Parverband | Kiischpelt |
'Architekt(en) | ' |
Reliéis Gebaier |
D’Kierch Mäerkels ass dem Hl. Bartholomäus geweit. Niewepatréiner sinn den Hl. Sebastian, den Hl. Antonius an den Hl. Donatus.
[Änneren] Geschichtleches
Eréischt 1806 gouf Mäerkels zesumme mat Alschent an dem Kohnerhaff eng eege Par. Virdru war Mäerkels d'Filialkierch vun der Pënscher Parkierch.
D'Kierch gouf 1743 opgeriicht an am Joer 1916 koum et zu Ëmännerungen. Nom Zweete Weltkrich gouf eng Sakristei ugebaut.
[Änneren] Bannenan
De Mobiliar staamt méiglecherweis vun engem Schüler vum Jean-Georges Scholtus (+1754), dem Nicolas Jacques († 1793) vu Wolz, deen och de Mobiliar vun der Kierch Notre-Dame vu Wolz gemaach huet.
[Änneren] Den Altor
Den Zwilling vum Mäerkelser Héichaltor ass an der Kierch Ierpeldeng (Eschweiler) ze fannen.
1958 gouf eng Helleg Famill, déi vum Albert Kratzenberg geschafe gouf, an den Héichaltor ageschafft ginn. Ëm déiselwecht Zäit gouf de Säitenaltor mat enger hëlze Muttergottes-Statu vum J. Haler vun Ettelbréck gerëscht.
[Änneren] Fënsteren
Déi aktuell Fënstere si vum Émile Probst; si goufen 1955 agesat.
[Änneren] D'Klacken
Déi dräi Klacke goufen den 2. Februar 2003 geweit. Se stamen aus der Klackegéisserei an der Benediktinerabtei Maria Laach a goufe vum Brudder Michael Reuter OSB gegoss. Déi fréier Klacken, vun ëm 1850, si virun der Entrée vun der Kierch ze gesinn.