Émile Probst
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Émile Probst, gebuer de 15. Oktober 1913 zu Veianen, a gestuerwen 2004, war e lëtzebuergesche Glasmoler, Karikaturist, Publizist.
Den Émile Probst huet zu Bréissel an zu Düsseldorf Konscht studéiert. Vu virum Zweete Weltkrich bis 1941 huet en an enger Dréckerei geschafft an 1945 war hie Matgrënner vun der Revue. Vun him stamen eng 120 Entwërf fir Kiercheglasmolereien zu Lëtzebuerg an am noen Ausland, wéi zum Beispill déi grouss faarweg Fënster an der Fëschbecher Kierch bei Miersch, iwwer der Entrée tëscht der Virhal an dem Kiercheraum. Se gouf 1957 vun der Firma Linster Frères vu Munneref gemaach.
Den Émile Probst ass de Brudder vum Moler Joseph Probst.