Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions Kierch Bruch (Miersch) - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Kierch Bruch (Miersch)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Parkierch vu Bruch (Miersch)
Kiercheraum Okt. 2006 no der Renovatioun
Vergréisseren
Kiercheraum Okt. 2006 no der Renovatioun
Uertschaft Bruch
Par Bruch
Numm Hl. Matthias
Konsekratiounsjoer  1913
Parverband Helpert
'Architekt(en) '
Reliéis Gebaier

D'Parkierch vu Bruch bei Miersch ass dem hellegen Matthias geweit, an huet als Niewepatréiner d'helleg Albinus an Celsus.
Se gehéiert zum Parverband Helpert, am Dekanat Miersch an der Pastoralregioun Zentrum geleeën.
De Sëtz vum Paschtouer vum Parverband Helpert ass, wéinst der geographëscher Lag, zu Bruch am Paschtoueschhaus.
Paschtouer ass den Abbé Joël Santer.


D'Bricher Parkierch (d'Kierch vu Bruch bei Miersch) gouf 1878 am neogotesche Stil gebaut.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Patréiner

Haaptpatréiner: Hl. Apostel MATTHIAS (24. Februar / am Generalkalenner 14. Mee); Niewepatréiner: Hl. Bëschof CELSUS (23. Februar); Hl. Bëschof ALBINUS (1. Mäerz).

[Änneren] Renovatioun 2005/6

Am Joer 2006 huet Bruch dat "100. Jubiläum vun der Grënnung vun der Par Bruch" gefeiert. Am Virfeld vun dëse Feierlechkeeten huet d'Gemeng Béiwen/Atert d'Bricher Kierch 2005-2006 ënnert dem Architekt Pierre Baumann komplett renovéiere gelooss. Déi al, Eternitstäfelung koum eraus, eng nei Holzvertäfelung ass an d'Kierch komm, neie Buedembelag am Chouer, nei elektresch Leitungen, nei Luuchten, duebel Verglasung a Renovéierung vun de Kierchefënsteren op der Westsäit, eng nei Heizung (mat Waarmwaasserkonvektere, neien Ustrach an eng nei Mikrosanlag stoungen um Programm. Och d'Sakristei gouf erneiert: sämlech elektresch Leitunge goufen erneiert, eng nei hëlzen Trap installéiert, duebel Verglasung vun de Fënsteren, nei Dieren, eng Toilette gouf ageriicht, a villes méi.

D'Kierchefabrik huet, fir hiren Deel, sämltech Statuen an de neogotesche Kierchemiwwel poly-chroméiere gelooss, nei Teppecher, nei Sedilien, nei Schief an der Sakristei maachegelooss. Op den Haaptaltor koumen zwou nei Statue vun der hl. Barbara an der hl. Elisabeth, während déi zwee Engelen nees op ee Sockel niewent den Haaptaltor Opstellung fonnt hunn. Esou konnt de Beräich vum Haaptaltor nees hiergestallt ginn. Och d'Westenfelder-Uergel gouf generaliwwerholl.

[Änneren] Uergel

D'Bricher Parkierch vu baussen
Vergréisseren
D'Bricher Parkierch vu baussen

1978 krut d'Parkierch eng Uergel vun der Manufacture d'orgues luxembourgeoise Georg Westenfelder vu Lëntgen. D'Uergel huet eng mechanesch Traktur, 2 Manualen a Pedal, mat Pedal- a Manualkoppelen, a besteet aus 15 Regësteren.

[Änneren] Klacken

De Klackestull
Vergréisseren
De Klackestull

Am Kierchtuerm vun der Bricher Parkierch laude sechs Klacken, eng Raritéit fir eng Duerfkierch. Zënter hirer Erbauung hat d'Bricher Kierch zwou Klacken. Déi kléng Klack (375 kg), der Muttergottes Maria geweit, mam Toun "Si", gouf 1878 fir déi nei Kierch gegoss vun der Firma Causard vu Colmar. Derniewent koum nach méi eng déck Klack (490 kg), déi dem Kierchepatréiner Matthias geweiht war. Dës Klack gouf 1868 gegoss fir déi al Kapell, déi an der Duerfstrooss stoung. Dës Klack gouf 1878 mat eriwwer geholl an déi nei Kierch. Am Joer 1951 hat dës Klack awer een décke Rass opzeweisen, a konnt net méi lauden. Sou gouf 1951 vun der Firma Mabilon & Co. eng nei Klack gegoss mam selwechten Toun "Sol#", an och erëm eng Kéier dem Kierchepatréiner Matthias geweiht.

Am Joer 2006 huet d'Par Bruch hire "Centenaire" gefeiert. D'Idee ass opkomm, datt esou ee Jubiläum och eng bleiwend Erënnerung fir déi kommend Generatioune soll duerstellen. D'Idee gouf opgegraff, déi viru Jore schonns eng Kéier bestanen huet: eng drëtt Klack fir d'Kierch. Déi meeschte Parkierchen am Land hunn dräi Klacken, Bruch der awer nëmmen zwou.

Ënnert dem Här Paschtouer Joël Santer, mat der Ënnerstëtzung vum Bricher Kiercherot, ass een "Organisatiounscomité 100 Joer Par Bruch" an d'Liewe geruff ginn, mam Opdrag, ee Manifestatiounskalenner opzestellen a Suen erbäizeschafen, fir d'Bezuehle vun dëser Jubiläumsklack. No Récksprooch mam Brudder Michael Reuter OSB aus der Benediktinerabtei Maria Laach, Klackenexpert vun der Diözes Tréier, gouf d'Statik vum Tuerm berechent a gekuckt, wat ee musikalesch maache kéint. Hien huet proposéiert, bei déi zwou Klacken nach véier Klacken derbäizehänken. Nodeems dës Iddi opgegraff gouf, a vill Frënn d'Par finanziell ënnerstëtzt hunn, an nodeems och déi Responsabel vun der Gemeng Béiwen-Atert der Kierchefabrik eng grouss finanziell Hëllef zoukomme gelooss hunn, huet de Kiercherot den Opdrag ginn, dëse Projet auszeféieren. D'Klacken huet de Brudder Michael Reuter OSB aus der Abtei Maria-Laach den 7. September 2006 zu Maria-Laach gegoss. Den 17. September 2006 konnt de Mgr Fernand Franck, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, dës véier nei Klacke weien. Den 17. Oktober gouf am Kierchtuerm ugefaangen ze schaffen, den 18. Oktober goufen d'Klacken mat engem Kran erageholl, an den 25. Oktober 2006 waren d'Aarbechte fäerdeg.

Sou huet déi Bricher Parkierch elo sechs Klacken:

  • 1. "Christus-Erléiser-Klack", Toun: FA#, Gewiicht: 650 kg; Géisser: Br. Michael REUTER, 2006.
  • 2. "Matthias-Klack", Toun: SOL#, Gewiicht: 490 kg, Géisser: Mabilon, 1951.
  • 3. "Jousef-Klack", Toun: LA#, Gewiicht: 420 kg, Géisser: Br. Michael REUTER, 2006.
  • 4. "Muttergottes-Klack", Toun: SI, Gewiicht: 375 kg, Géisser: Causard, 1878.
  • 5. "Albinus- an Celsusklack", Toun: DO#, Gewiicht: 300 kg, Géisser: Br. Michael REUTER, 2006.
  • 6. "Willibrordus-Klack", Toun: RE#, Gewiicht: 210 kg, Géisser: Br. Michael REUTER, 2006.

[Änneren] Statuen

Pietà
Vergréisseren
Pietà
Statu vun XXXXXX
Vergréisseren
Statu vun XXXXXX

Um Haaptaltor, uewen an der Nisch, steet eng Statu vum Kierchepatréiner, dem hellegen Apostel Matthias. An den Niewennische stinn zwou Statue vun der helleger Barbara an der helleger Elisabeth vun Thüringen. Op Sockelen niewent dem Altor stinn zwéin Engele mat enger Luucht an der Hand, déi op den Tabernakel oppassen.

Am Kiercheschëff hänke schéin al Statue vun den dräi Kierchepatréiner, den hellege Matthias, Albinus an Celsus. Desweideren huet d'Kierch eng schéi Pietà an ee wäertvollen Ensembel vun der Helleger Famill (Jesus, Maria, Jousef).

[Änneren] Series Pastorum

1. FABRITIUS Johann vun Uewerwampech, Paschtouer zu Bruch, 07.08.1906 – 01.09.1911
2. PÜNNEL Peter vu Wuermeldeng, Paschtouer zu Bruch, 02.09.1911 – 02.11.1911+
3. SCHMITZ Andreas vu Bungeref, Paschtouer zu Bruch, 06.11.1911 – 01.10.1917
4. HOFERLIN August vun Esch-Uelzecht, Paschtouer zu Bruch, 01.10.1917 – 18.08.1927
5. BOURSY Jean vun Iechternach, Paschtouer zu Bruch, 25.08.1927 – 01.05.1936
6. FISCH Nic. vu Präitler, Paschtouer zu Bruch, 01.05.1936 – 01.09.1940
7. DÜHR Joseph vun Nidderdonven, Paschtouer zu Bruch, 01.09.1940 – 01.09.1953
8. EISCHEN Felix vu Bëschrued, Paschtouer zu Bruch, 01.09.1953 – 31.08.1965

De Paschtouer Eischen war fir eng laang Zäit de leschte Geeschtlechen, deen am Bricher Paschtoueschhaus gewunnt huet. No senger Versetzung op Biwer gouf d'Par Bruch verwalt vum jeweilege Paschtouer vu Béiwen-Atert, deen derniewent nach Parverwalter vu Bruch a Bëschdref war.

9. HANSEN Joseph vu Steesel, Parverwalter zu Bruch, 01.09.1965 – 31.08.1970
10. GUILL Charles vun Hollerech, Parverwalter zu Bruch, 01.09.1970 – 05.07.1997

No der Pensionnéierung vum Paschtouer Guill, de 5. Juli 1997, goufen déi dräi Paren Béiwen, Bëschdref a Bruch vum Deche Ferdy Fischer vu Miersch matverwalt, ënnerstëtzt vun enger Parassistentin, während den Paschtouer Guill awer nach d'Gottesdéngschter assuréiert an d'Sakramenter gespend huet.

11. FISCHER Ferdy vu Keel, Moderator vum Pastoralteam, 05.07.1997 – 21.08.2004

Am ganze Land ginn an der Zwëschenzäit sougenannte "Parverbänn" gegrënnt. Och an der Bricher Géigend gouf de "Parverband Helpert" gegrënnt, besteeënd aus de Paren Béiwen/Atert, Bëschdref, Biissen, Bruch, Gräisch, Sëll, Simmer an Tënten, souwéi aus de Filialen Rued (Simmer) (Par Nouspelt) an de Mariendallerhaff (Par Keespelt). Duerch déi geographësch zentral Positioun gëtt d'Par Bruch no 39 Joër nees Sëtz vun engem Paschtouer. Zum Paschtouer a Moderator vum neie Pastoralteam gëtt den Abbé Joël Santer genannt, bis elo Kaploun am Parverband Miersch mat Sëtz zu Miesdref.

12. SANTER Joël vu Wecker, Paschtouer vu Bruch, 21.08.2004 -

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Static Wikipedia (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu