Kierch Beetebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kierch vu Beetebuerg | |
Uertschaft | Beetebuerg |
Par | Beetebuerg |
Numm | Mariä Himmelfaart |
Konsekratiounsjoer | 1889 |
Parverband | Beetebuerg |
Architekt(en) | Pierre-Antoine Kemp oder Alphonse Pierre |
Reliéis Gebaier |
1888 gouf ugefaangen eng nei Kierch zu Beetebuerg ze bauen, dëst am post-romane Stil no de Pläng vum Pierre-Antoine Kemp oder Alphonse Pierre. Se huet ee Mëttel- an 2 Säiteschëffer, den Tuerm erhiewt sech iwwer der Entréesdier. D'Konsekratioun war den 17. Oktober 1889.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Kierch vu bannen
1904 gouf de barocken Héichaltor duerch een aus Marber vum Jean-Pierre Koenig ersat (op dësem steet haut den Tabernakel). De Volleksaltor ass och aus Marber a staamt vum Charles Kohl. De Kräizwee vun 1963 huet den Emile Houlten skulptéiert. An den Endnische vun de Säiteschëffer sinn nach d'Wandmolereien aus der Ufankszäit erhalen. Um westleche Säitenaltor steet eng barock Assumpta Statu aus dem Joer 1722.
An der Kierch gëtt et eng Erënnerungskapell un d'Affer vum 2. Weltkrich matt Fënstere vum Gustave Zanter an eng Pietà.
[Änneren] Grafstreen
Dësweidere steet och nach e Renaissance Grafsteen aus dem 17. Joerhonnert an der Kierch, de sougenannte Monument Heinsberg-Lellich.
[Änneren] Fënsteren
Déi abstrakt Fënsteren am Chouer si vum Frantz Kinnen aus dem Joer 1970. Déi op de Säite goufen 1952 färdeggestallt a weisen déi 10 Titele vun der Muttergottes als Kinnigin. Se si vum Nicolas Bücher gestalt ginn.
[Änneren] Uergel
Et waren d'Bridder Müller vu Reifferscheid déi 1890 déi éischt Uergel mat 21 Regësteren fir d'Beetebuerger Kierch gebaut hunn.
D'Dekanatskierch krut 1959 eng nei Uergel aus der Manufaktur vum Uergelbauer Nik. Loewen vu Lëntgen. Déi nei Uergel hat eng elektresch Traktur a war esou opgebaut:
- I Haaptwierk (15 Reg.)
- II Positiv (9 Reg.)
- III Schwellwierk (14 Reg.)
- Pedal (11 Reg.)
D'Uergel gouf 1975 vum Uergelbaumeeschter Herbert Schmidt vu Miersch restauréiert. (Stand 1993).
[Änneren] Dafkapell
An der Dafkapell vun 1934 steet en Dafstee vun 1622 mat engem aachteckege Fouss. De Mosaik vun engem onbekannte Kënschtler weist d'Daf vum Jesus am Jordan.
[Änneren] Literatur
- Broschür 100 Joer Betebuerger Dekanatskierch (1989)