Julier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Julier oder Iulier (Iulii) waren eng renomméiert Patrizierfamill am réimesche Räich, a si koumen aus Alba Longa.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Gens Julia
D'gens Julia, oder d'Julier aus Alba Longa hunn hire Numm vum mythologesche Iulus ofgeleed, e Jong vum trojaneschen Held Aeneas, de Begrënner an éischte Kinnek vun Alba Longa. Iwwert den Aeneas, de Jong vun der Venus hun sech d'Julier dann och eng gëttlech Oofstamung gin. Dëse Punkt gëtt besonnesch vum Julius Cäsar betount.
D'gens Julia waren zwar net räich, mee hunn awer zu de renomméierte Familje vu Roum gezielt, obschonns nëmme wéineg Memberen an d'Politik gaange sinn: während der réimescher Republik, am 5. Joerhonnert v. Chr. fënnt een dacks den Numm Iulius an de Lëschten vun de Konsulen, mee dës Lëschte sinn ëmstridden. 451 war ee gewëssene Gaius Iulius Iullus Member vun den Decemviri, déi de Staat verännert hunn. Fir folgend Joerhonnerte sinn nëmmen zwee Konsule nogewisen, fir d'Joeren 267 an 157. Verschidde Familljemembere ware Konsul oder Censor.
Zu de bekanntste Vertrieder vun der gens Julia zielt ouni Zweifel de Julius Cäsar. Mat sengem Doud verschwënnt déi direkt Linn vun de Julier, mee d'Famill bleift bestoen.
[Änneren] Julio-Claudianer
Mam Augustus an der julesch-claudianescher Dynastie lieft de Numm Julius weider. Mee och eng grouss Partie vu fräigeloossene Gefaangene vum Cäsar an hir Nokommen hu Gentilnomen Iulius dierfen unhuelen. Esou fannen sech dann och bis an d'4. Joerhonnert eng gutt Parti Riedner a Schrëftsteller mat deem Numm.
Den Augustus gouf duerch Adoptioun dem Caesar säi Jong an koum domatter och an d'julianesch Famill. Hie war de Begrënner vun der julio-claudescher Dynastie déi bis 68 regéiert huet.
Den Duebelnumm kënnt engersäits vu Iulius duerch den Augustus an vu Claudius, der Livia Drusilla hirem éischte Mann (Tiberius Claudius Nero) säi Familjenumm.
[Änneren] Genealogie vun de Julio-Claudianer
[Änneren] Bekannte Vertrieder vun de Julier
- Gaius Iulius Caesar
- Gaius Julius Caesar Octavianus Augustus
- Gaius Julius Eurycles
- Julius Atticus
- Julius Graecinus
- Gaius Julius Caesar Germanicus
- Julius Caesar Nero
- Gaius Julius Callistus
- Gaius Julius Classicianus Alpinus
- Gaius Julius Hyginus
- Sextus Julius Frontinus
- Julius Sacrovir
- Gaius Julius Civilis
- Gnaeus Julius Agricola
- Sextus Julius Africanus
- Gaius Julius Antiochus Epiphanes Philopappus
- Marcus Julius Verus Philippus
- Gaius Julius Verus Maximinus
- Julius Paulus
- Gaius Julius Solinus
- Iulius Exsuperantius
- Iulius Obsequens
[Änneren] Verschiddenes
Hautdesdaags gëtt de Numm Julius als Virnumm benotzt. De Mount Juli, geneesou wéi de Julianesche Kalenner komme vum Numm Julius. Ausserdem gëtt et de Julierpass an d'Julesch Alpen.