Joseph Bech
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Joseph Bech (* 17. Februar 1887 zu Dikrech, † 8. Mäerz 1975 an der Stad) war e lëtzebuergesche Politiker.
De Joseph Bech wiisst an enger politesch aktiver Famill op. Nom Kolléisch zu Iechternach studéiert hien zu Fribourg a Paräis Droit a gëtt 1914 Affekot. Am Juni vum selwechte Joer gëtt hien, als Vertrieder vun der Musel, Deputéierten fir d'Rietspartei an der Chamber. 1921 gëtt hien Innen- an Bildungsminister. No engem kuerzen Intermezzo an der Oppositioun gëtt de Bech 1926 Premierminister, Ausseminister, Bildungs- a Wäibauminister. D'Poste vun Aussen- a vu Wäibauminister sollt hien ouni Ënnerbriechung bis 1954 behalen, Premier ass hie bis 1937, wou d'Regierung beim Referendum iwwert d'Maulkuerfgesetz eng Néierlag huet missen astiechen. Zäitweilech ass hien och fir d'Ressortë Landwirtschaft, Konscht a Wëssenschaft, an Intérieur zoustänneg.
Am Zweete Weltkrich ass de Joseph Bech Ausseminister an der Exilregierung zu London. Hien huet do 1944 d' Benelux-Traitéën ënnerschriwwen.
Och den NATO - Vertrag (ennerzeechent:de 4. Abrëll 1949 zu Washington DC) an den Traité vun der CECA ( ënnerzeechent: 18. Abrëll 1951 zu Paräis) droen seng Ënnerschreft. Vun 1953 (nom Doud vum Pierre Dupong) bis 1958 ass de Joseph Bech Premierminister. Hien ass bis 1959 Regierungsmember, a bis 1964 Deputéierten a Chamberspresident.