Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions Invalides - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Invalides

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Vue vun der Esplanad aus
Vergréisseren
Vue vun der Esplanad aus

Den Hôtel national des Invalides ass e Paräisser Monument wat de Kinnek Louis XIV. duerch eng Ordonnance vum 24. Februar 1670 an Optrag ginn hat, fir d'Invaliden aus senger Arméi. Hautzudags ginn hei nach ëmmer Invaliden opgeholl, mee et goufen och Muséeën an eng Militärnekropol ageriicht.

De Kinnek Louis XIV. huet sech wéi seng Virgänger Henri III. an Henri IV. gewënscht, den invaliden Zaldote vu senger Arméi ze hëllefen, fir datt « ceux qui ont exposé leur vie et prodigué leur sang pour la défense de la monarchie [...] passent le reste de leur jours dans la tranquillité » (Edit royal vu 1670).

D'Invalides goufen am Dall vun der Grenelle gebaut, wat deemols e Faubourg vu Paräis war, an d'Arbechten un den Haaptgebaier goufe vum Louvois un de Libéral Bruant weiderginn. De Bruant huet sech fënnef Häff virgestallt, zentréiert ronderëm dee gréissten, déi sougenannte Cour royale. D'Arbechte sinn am Mäerz 1671 ugaangen a hu bis am Februar 1677 gedauert, wat fir dës Zäit nach séier war. Déi éischte Pensionnäre konnte schonn am Oktober 1674 eraplënneren. D'Récksäit vum groussen Haff gouf awer schonn e Joer méi spéit nees zerstéiert, fir Plaz ze maache fir d'Fondatioune vum groussen Doum.

D'Kierch, déi de Bruant geplangt hat, huet dem Louis XIV. net gefall, a sou krut am Mäerz 1676 de Jules Hardouin-Mansart den Optrag sech dorëms ze këmmeren; hien huet och un de Pavillonsën an der Entrée an un den Infirmerieë geschafft. De Bau vun dësem reliéise Monument huet bal 30 Joer gedauert a gouf eréischt den 28. August 1706 fäerdeggestallt. D'Gebai besteet eigentlech aus zwéin Deeler, och wann si architektonesch aneneen iwwerginn: am Kiercheschëff befënnt sech déi sougenannten Église des soldats, de Chouer ënnert der Kuppel gëtt Église du dôme genannt. 1873 gouf dës Distinctioun duerch eng Glasscheiw, déi déi zwou Partië vunenaner trennt, méi däitlech gemaach.

Am Hôtel des Invalides waren, ausser der Kierch, nach eng Manufaktur (Hirstellung vun Uniformen an Dréckerei), en Hospiz an e Militärspidol. D'Ateliersën, déi ursprénglech gesplangt waren, goufe séier opginn, fir Plaz fir méi Kummeren ze maachen.

De 15. Juli 1804 koum et an der Kapell vun den Invalides zu der éischter Iwwerreechung vun der Légion d'Honneur duerch den Napoleon fir seng Offizéier, dëst am Kader vun enger grousser offizieller Zeremonie.

Den Hôtel huet och fréi eng museographesch Funktioun iwwerholl: 1872 gouf en Artilleriesmusée ageriicht an 1896 en historesche Waffemusée. 1905 goufen déi zwee zum Musée de l'armée zesummegeluegt.

Am Norde verlängert sech den Haff iwwert d'Limite vum Hôtel duerch eng grouss publik Esplanad wou een d'Ambassade vun Éisträich a Finnland an de Ministère des Affaires étrangères fënnt.

Um Enn vun der Esplanad kënnt ee bei der Seine unn, iwwert déi een iwwert d'Bréck Alexandre III bei de Petit an de Grand Palais kënnt.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Den Doum

Den Doum vun der Südsäit aus
Vergréisseren
Den Doum vun der Südsäit aus

D'Kapell vun den Invalides, déi d'Pensionnäre vum Hôpital des Invalides ophuele sollt, krut de Rang vun enger Kathedral. Si ass och de Sëtz vum franséischen évêque catholique aux Armées.

Am Doum ass den Napoléon an engem imposante Graw begruewen, zesumme mat senge Bridder Joseph a Jérome Bonaparte.

D'gëlle Kuppel vum Doum ass ee vun de groussen Unhaltspunkte vun der Paräisser Landschaft.

[Änneren] E militäresche Pantheon

Eng grouss Partie vu franséische Militären hunn hir lescht Plaz an den Invalides fonnt.

Personnage vum Ancien Régime an der Revolutioun:

Personnage vum Premier Empire:
Den Napoléon Bonaparte gouf de 15. Dezember 1840 ënnert der Julimonarchie an d'Invalides bruecht; d'Männer unn der Muecht hu versicht Partisane vum ale Keeser ze fannen (zur gläicher Zäit gouf och den Arc de triomphe de l'Étoile fäerdeggestallt). D'Äsche vum Napoléon goufen an e monumentale Sarkophag geluegt, deen an enger Krypta am Zentrum vun der Kapell Saint-Louis steet.

Säi Jong François Bonaparte (och ënnert den Nimm Napoléon II, « l'aiglon » an Herzog vu Reichstadt bekannt) gouf 1940 als Geschenk vum Adolf Hitler u Frankräich hei bäigesat.

De Joseph an de Jérôme Bonaparte, Bridder vum Keeser, goufe lateral vum Sarkophag vum Napoleon begruewen.

Ronderëm d'Graw vum Napoléon Bonaparte leien och d'Generäl Duroc a Bertrand.

De Sarkophag vum Napoleon am Invalidendoum
Vergréisseren
De Sarkophag vum Napoleon am Invalidendoum

Personnage vun de Weltkricher:

  • Ferdinand Foch
  • Louis-Hubert Lyautey
  • Philippe Leclerc de Hauteclocque
  • Jean-Marie de Lattre de Tassigny
  • Alphonse Juin
  • Robert Nivelle
  • Charles Mangin

[Änneren] D'Muséeën

Kanoune bei der Entrée vum Musée
Vergréisseren
Kanoune bei der Entrée vum Musée

1777 ass d'Galerie royale des Plans en relief aus dem Louvre an d'Invalides geplënnert, wou si bis haut bliwwen ass.

1871 koum de Musée de l'artillerie derbäi, wouvunner d'Kanounen haut d'Häff an d'Promenade vum Palais dekoréieren.

1896 gouf de Musée historique de l'Armée an d'Liewe geruff, dee mam Artilleriesmusée 1905 zum heitege Musée de l'Armée fusionnéiert huet.

Zënter dem Zweete Weltkrich, wou an den Invalides och e Resistenzréseau 1942 opgebaut gi war, sinn nach de Musée de l’Ordre de la Libération an de Musée d’histoire contemporaine derbäikomm.

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Hôtel des Invalides – Biller, Videoen oder Audiodateien

Static Wikipedia (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu