Index librorum prohibitorum
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Index librorum prohibitorum war eng Lëscht vu Wierker, déi Katholiken net liesen duerften. D'Verzeechnis ass 1967 a senger verbindlicher Form ofgeschaaft ginn.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] D'réimesch-kathoulesch Kierch fänkt un, Bicher ze verbidden
Dat éischt reng Kierchlecht Bicherverbuet geet zréck op d'Joer 400. Ënner dem Virsëtz vum Theophilus vun Alexandria gouf dekretéiert, keen dierft d'Schrëfte vum Origenes "liesen oder a sengem Besëtz hunn.. Am Joer 446 huet de Poopst Leo I. d'Schrëfte vun de Manichäer verbrenne gelooss. Déi éischt Synod, déi ordonnéiert huet, datt Schrëften sollte verbrannt ginn, déi vun hir als "verdaamt" ugesi goufen war 681 déi Drëtt algemeng Synod vu Konstantinopel. Den Decretum Gelasianum, deen 496 um réimesche Konzil erauskoum, ass deen eelsten Index vu verbuedene Bicher.