Horatio Nelson
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Sir Horatio Nelson, éischte Viscount Nelson of the Nile, K.B., Duke of Bronte (* 29. September 1758 zu Burnham Thorpe, Norfolk, England; † 21. Oktober 1805, Kap Trafalgar, Spuenien) war e britischen Admirol, deen eng Partie bemierkenswäert Victoirë fir sech konnt verbuchen: 1797 St. Vincent (virun der Küst vu Portugal), 1798 Abukir, 1801 Kopenhagen, 1805 Trafalgar.
[Änneren] Dem Nelson seng Wirkung
Den Nelson war bekannt derfir, datt e Leit ënnert sengem Kommando mat Iddien inspiréiert huet, an aus hinnen dat Bescht erausgeholl huet; dohir kënnt den engleschen Ausdrock "The Nelson Touch". Hie war schon zu Liefzäiten eng Berühmtheet. Vu sengen Zäitgenossen hun en nëmmen de John Churchill, den éischten Herzog vu Marlborough, den Arthur Wellesley an den éischten Herzog vu Wellington eng ähnlech grouss Berühmtheet.
Den Nelson hat en entscheedenden Undeel drun, datt déi britesch Marin an den Koalitiounskricher d'Weltmierer beherrsche konnt. Seng Victoire an der Schluecht vun Trafalgar huet dei britech Superioitéit um Wasser geséchert an eng Landung vun franséischen Truppen an England ondenkbar gemaach. D'Verennegt Kinnekräich ass sou an den Napoleoneschen Kricher quasi onugräifbar ginn.
Den Trafalgar Square and d'Nelson-Monument, wat drop steet, sinn haut bekannte Punkten zu London. Dem Nelson säin Monument zu Dublin gouf leider durch en Terroruschlag zerstéiert. D'Victory dem Nelson säi Flaggschëff zu Trafalgar, existéiert nach haut. Si ass d'Flaggschëff vum zweeten Seelord an ass haut am zweeten Trockendock vun der Marinbasis vu Portsmouth, England, ze bewonneren.
Wëll e keng männlech Nokommen hat, krut säi Brudder William an senger Plaz den Titel Earl Nelson.
[Änneren] Literatur zum Thema
- Jann M. Witt, Horatio Nelson - Triumph und Tragik eines Seehelden. Koehlers Verlagsgesellschaft, Hamburg 2005 (ISBN 3-7822-0925-7)
- Barry Unsworth, Horatios Schatten. Wilhelm Goldmann Verlag, München 2002 (ISBN 3-442-54510-2)
- Friedrich-Wilhelm Pohl, Lord Nelson - Ein Triumphzug durch Europa. Koehlers Verlagsgesellschaft, Hamburg (ISBN 3-7822-0799-8)
- Carola Oman, Nelson. Naval Institute Press, Annapolis, USA 1996 (ISBN 1-55-750618-3)
- Tom Pocock, Horatio Nelson. Pimlico, London 1994 (ISBN 0-7126-6123-9)
- Alfred Thayer Mahan, Joseph F. Callo, The Life of Nelson: The Embodiment of the Sea Power of Great Britain. Naval Institute Press, Annapolis, USA 2001 (ISBN 1-5575-0484-9)
- Terry Coleman, Nelson: The Man and the Legend. Bloomsbury, London 2001 (ISBN 0-7475-5685-7)
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Horatio Nelson – Biller, Videoen oder Audiodateien |