Mier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D' Mier ass d'Gewässer dat ronderëm d' Kontinenter fléisst. 70 % vun der Äerd ass vum Mier bedeckt.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Salzgehalt vum Mierwaasser
D'Mierwaasser ass salzeg, well et Mineraler enthällt, déi am Laf vun Joermilliounen vun de Flëss an d'Mier gefloss sinn. Dat heefegst Salz am Mier ass Kachsalz (Natriumchlorid). Mä et fënnt een och aner léislech Mineraler, wéi z.B. Sulfat, Calcium a Magnesium. Den normale Salzgehalt vum Mier läit bei 3,5 %.
[Änneren] De Buedem vum Mier
Den Buedem vun de Mierer besteet aus Bierger, déi bei wäitem méi grouss sinn wéi déi op der Landiwwerfläch. Si ginn mëttelozeanesche Réck genannt. Hei quëllt Magma aus der Äerd eraus an erstarrt. Sou entsteet neie Mieresbuedem. Duerch dës Vergréisserung vum Mieresbuedem ginn d' Vulkaner, déi iwwert den Hot Spots entstanë sinn, ëmmer méi wäit ewech vun hire Magmaquellen an erläschen. Mat der Zäit gi si ofgedroen an verschwannen z'réck am Mier. Déi bis ënnert de Mieresbuedem ofgedroë Vulkaner bilden Ënnerwaasserbierger, déi ee Seamounts nennt.
[Änneren] Di verschidde Mierer
Et ënnerscheed een di folgend Ozeaner:
- den Arkteschen Ozean (Nordpolarmier)
- den Atlanteschen Ozean (Atlantik)
- den Indeschen Ozean (Indik)
- de Pazifeschen Ozean (Pazifik)
- de Südlechen Ozean (Südpolarmeer)
an hier Niewenmierer. Zu hinne gehéieren ënnert anerem:
- d'Chinesescht Mier
- d'Japanescht Mier
- d'Karibescht Mier
- d'Nordmier (oder -séi)
- d'Baltescht Mier (Ostséi)
- d'Mëttel Mier
- d'Schwaarzt Mier
- d'Rout Mier
- d'Gielt Mier
[Änneren] Di fënnef gréisste Mierer
Numm vum Mier | Fläch (km²) | Duerschnëttlech Déift (m) |
---|---|---|
Pazifik | 166.229.000 | 4.028 |
Atlantik | 86.551.000 | 3.926 |
Indeschen Ozean | 73.422.000 | 3.963 |
Nordpolarmier | 13.223.000 | 1.205 |
Südchinesescht Mier | 2.975.000 | 1.652 |