Kap Trafalgar
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Kap Trafalgar , op Spuenesch Cabo Trafalgar, LatäinPromontorium Junonis, Arabesch Altaraf alagar رأس الطرف الأغر) läit am Süde vun der andalusescher Provënz Cádiz a Spuenien, ongeféier 40 Kilometer südëstlech vun der Provënzhaaptstad Cádiz um nordwestelchen Enn vun der Strooss vu Gibraltar, 36° 10′ 57" nërdlech Breet a 6° 1′ 58" westlech Längt.
Kap Trafalgar ass bekannt wéinst der Schluecht vun Trafalgar bei där déi englesch Flott ënner dem Kommande vum Admiral Nelson den 21. Oktober 1805 déi spuenesch-franséisch Flott vernicht huet, a bei där den Nelson den Dout fonnt huet. Als Erënnerung un dës Séischluecht krut den Trafalgar Square zu London säin Numm.