Geschicht vun der Äerd
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Physik huet e grousse Verdingscht dorenner dass een haut vill Äntwerten op d'Froen vum Entstoe vun der Äerd an esouguer vum ganze Sonnesystem huet. Ëmmer nei Theorien, nei Geräter, nei Methoden an nei Denkweisen hun d'Weltbild dauernd erem op de Kapp gestallt. De gréissten Deel vum heitege Wëssen ass ereischt am 20. Joerhonnert entstanen, wéi d'Quanten-an d'Relativitéitstheorien der Physik eng nei Basis ginn hunn a wou d'Kosmologie d'Urknalltheorie opgestallt huet.
Grondlag fir déi aktuellste Versioun vum Entstoe vun der Äerd koum schons Ufank vum 19. Joerhonnert vum Immanuel Kant a Pierre Simon de Laplace. Dës Theorie seet aus, dass eis ganzt Sonnesystem duerch d'Zesummeballe vu Wolleken aus Stëbs a Gas am Weltall forméiert gouf. De Virgänger vun eiser Äerd ass am Laf vun 10 Millioune Joer zu dem ginn wat se haut ass. Di ganz Materie déi der Äerd beim Laf ëm d'Sonn iwwert de Wee komm ass, huet bewierkt dass d'Äerd ëmmer méi grouss ginn ass. D'Obprallenergie vun dëse Steng war onvirstellbar grouss. Dat stänneg Bombardéieren vun de Materiendeelecher an déi gravitativ Virgäng an der Äerdmëtt hunn d'Äerdiwwerfläch mat ausgedehnte Vulkanlandschaften an Ozeaner aus geschmoltenem Gestengs geformt. Duerch dës Bombardementer gouf d´Äerd ëmmer méi erhëtzt. Positiv war, dass dës Hëtzt net méi fort komm ass an esou déi geschmolten Materie sech zu engem eenzege grousse Kierper forme konnt. Dat schwéiert Material, wéi d´Eisen zum Beispill, ass no a no an d'Mëtt gefall während déi liicht Elementer un der Iwwerfläch bliwwe sinn. Sou ass den Äerdkär an d'Äerdkuuscht entstanen. Dëst bezeechent een als formativ Phase. Si huet bis ongeféier 3,9 Milliarde Joer ugehalen.
[Änneren] Geologesch Zäitskala
Kuckt heizou och d'Tabell vun der Geologescher Zäitskala
D'Geologesch Zäitskala gëtt an Zäitspanen agedeelt an dene sech d'Fossiliwwerliwwerungen verännert hunn. Dat heescht dass déi verschidden Organismen ganz oder deelweis verschwonne sinn an neier enstane sinn. D'Nimm vun dësen Zäitspanen si vu geographesche Plazen ofgeleet ginn wou dës typesch Gestengs a Fossilien virkomm sinn.
D'Geschicht vun der Äerd ass ënnerdeelt an Äonotheme, Ären, Perioden an Epochen.
D'Äonotheme sinn an d'Archaikum an Proterozoikum (Äerdurzäit) agedeelt an d'Ären an d'Paläozoikum (Äerdaltertum), d'Mesozoikum (Äerdmëttelalter) an d'Känozoikum (Äerdneizäit).
D'Perioden Kambrium, Odrovizium, Silur, Devon, Karbon, Perm leien am Äerdaltertum, an d'Perioden Trias, Jura, Kräid am Äerdmëttelalter.
D'Äerdneizäit ass agedeelt an d'Period Paläogen (Tertiär) mat den Epochen Paleozän, Eozän an Oligozän, an d'Period Neogen (Quartär) mat den Epochen Pleistozän,Holozän, Miozän an Pliozän .
[Änneren] Literatur zum Thema
- Meissner, Rolf, Geschichte der Erde. Von den Anfängen des Planeten bis zur Entstehung des Lebens, München, 1999.