Opbau vun der Äerd
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Äerd ass eng liicht oggeflaachten Gestengskugel mat engem Metallkär, ëmginn vun engem Gasfeld, der Atmosphär. D'Atmosphär geet ongeféier bis 500 km an d'Héicht.
Bis zur Äerdmëtt sinn et 6.371 km, an dat geschätzten Äerdgewicht huet 5,96 Quadrimilliounen kg. Den Duerchméisser ass 12.742 km, den Ëmfang huet der 40.075 um Äquator.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] D'Haaptschichten
[Änneren] D'Äerdkuuscht
D'Äerdkuuscht ass relativ dënn a besteet zu 49,13 % aus Sauerstoff, zu 26,00 % aus Silicium, zu 7,45 % aus Aluminium, zu 4,20 % aus Eisen, zu 3,25 % aus Calcium, zu 2,40 % aus Natrium, zu 2,35 % aus Kalium, zu 2,35 % aus Magnesium, zu 1% aus Waasserstoff an zu 1,87 % aus diversen aneren Elementer. Si ass ënner de Kontinenter bis zu 70 km an ënnert den Ozeanen bis zu 10 km déck an ass vun der Mass an dem Volume am Verglach zu denen aneren Äerddeeler kleng. Et gëtt ënnerscheet tëscht der kontinentaler Kuuscht an der ozeanescher Kuuscht. D'Grenz tëscht der Äerdkuuscht an dem Äerdmantel gëtt Mohorovicic-Diskontinuitéit genannt.
[Änneren] Den Äerdmantel
E läit ënner der Äerdkuuscht, ass ongeféier 2.860 km déck, a besteet gréisstendeels aus Silicatmineralien déi ënner mächetegem Drock an enormen Temperaturen fléissen. Am ënneschten Äerdmantel bilden sëch fest a kompakt Kristallen. Den ieweschten Äerdmantel ass deelweis geschmolt. Vun do kënnt dee meeschte Magma hier. D' Iwwergangsschicht gehéiert nach zum ënneschten Äerdmantel an mécht d'Grenz zum Äerdkär.
[Änneren] Den Äerdkär
Den Äerdkär ass dee bannensten Beräich vun der Äerd an besteet haaptsächlech aus Eisen. En ass agedeelt an e feste Bannenkär an e flëssegen Aussekär. De Bannenkär ass ongeféier 1.130 km breet a geet bis zum Äerdmëttelpunkt, deen 6.230 km déif läit. Den Aussekär ass 2.200 km breet a léit bis zu 2.900 km ënnert der Äerdiwwerfläch. Dëse banneschste Beräich ass gliddeg. D'Hëtz ass nach vum Entstoe vun der Äerd erhale bliwwen a gëtt duerch d'Kärreaktiounen déif am Planéit nach verstäert.
[Änneren] Land a Mier
D'Landmass vun der Äerd hëlt ongeféier 30 % vun der Iwwerfläch an, d'Mierer bedecken ongeféier 70 %.