Geologesch Zäitskala
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Geologesch Zäitskala ass eng stratigraphesch Tabell, déi d'Äerdgeschicht zäitlëch andeelt.
Déi international Andeelung vun der geologescher Zäitskala gëtt duerch d' "International Commission on Stratigraphy" (ICS) gemacht.
Déi hierarchesch Andeelung ass:
- Äon (griich.: Éiwegkeet)
- Ära oder Zäitalter (griich.:Zäitraum)
- Period (griich.: en Ofschnëtt dee sech widderhëllt)
- Epoch (griich.: e Stopppunkt)
- Alter
- Epoch (griich.: e Stopppunkt)
- Period (griich.: en Ofschnëtt dee sech widderhëllt)
- Ära oder Zäitalter (griich.:Zäitraum)
Äon | Ära/Zäitalter | Period | Epoch | viru ... Joer (M= Millioune) | Entwécklung |
---|---|---|---|---|---|
PHANEROZOIKUM "Zäitalter vun de sichtbare Fossilien" |
Känozoikum Äerdneizäit |
Neogen (Quartär) Dominanz vun de Mamendéieren |
Holozän | 11.500 | Enn vun der Äiszäit. De Mënsch dominéiert. Ausstierwë vu villen eiszäitl. Groussäuger. |
Pleistozän | 1,6 M | Period vun den jéngsten Äiszäiten. Entwécklung vum Homo habilis iwwert den Homo erectus an Homo heidelberginsis zum Homo sapiens. | |||
Pliozän | 5,3 M | Grieser an de Steppen a Savannen. Trennung vun der Entwécklungslinn vu Mënsch a Schimpans: éischt mënschenähnlech Spezie, den Ardipithecus ramidus kadabba. Déi eelste Spezie vum Mënsch Homo habilis entwéckelt sech aus dem Australopithecus an Afrika. | |||
Miozän | 23,3 M | Méi drëchent Klima. An de Steppen a Savannen entwéckelen sech d´Mamendéieren. | |||
Paläogen(Tertiär) Zäitalter vun den Äiszäiten |
Oligozän | 33,9 M | D´Mamendéieren gi méi grouss. Éischt Waler. | ||
Eozän | 55,8 M | Waarmfiicht Klima. Weltwäit Bëschgebidder. Klengwüchseg Mamendéieren. Grouss Raubvigel. | |||
Paläozän | 65,0 M | Dinosaurier sinn ausgestuerwen. D´Äerd erhëllt sech lues vu verheerenden Asteroidenaschléi. | |||
Mesozoikum Äerdmëttelalter - Ära vun den Dinosaurier |
Kräid | 145,0 M | Héichpunkt vun der Dinosaurierentwécklung. Vulle verdrängen d´Fluchsaurier. Primitiv Mamendéieren an Insekten entwéckelen sech. | ||
Jura | 200,0 M | Risendinosaurier domininéieren d´Äerd. Éischt Vullen, Beidelmamendéieren a Bléieplanzen. | |||
Trias | 251,0 M | Bei de Reptiller zeechent sech den éischten Iwwergang zu de Mamendéieren of. Pangäa zerbrécht. | |||
Paläozoikum Äerdaltertum |
Perm | 299,0 M | Reptiller dominiéieren d´Festland. Eenzeg grousse Risekontinent entsteet: Pangäa. Éischt Massestierwen vun den Amphibien, de Reptiller an Mieresbewunner. | ||
Karbon | 359,2 M | Riseg Steekuelbëscher. Bléizäit vun den Amphibien an Insekten. Éischt Reptiller. | |||
Devon | 416,0 M | Zäitalter vun de Fësch. Éischt Amphibien. Éischt Beem. Iwwergang vun de Flossen zu de Féiss bei den Déieren. | |||
Silur | 443,7 M | Éischt Planzen u Land. Éischt Riffer duerch Korallen. | |||
Ordovizium | 488,3 M | Éischt Fësch ouni Kifer (Agnathen), Kappfüsser a Wirbeldéieren. | |||
Kambrium | 542,0 M | "Kambresch Explosioun": Entstoe vun enger villfälteger Déierewelt: Muschelen, Schleken, Kappfüsser, Korallen a Schwämm. Éischt Schuelen, Knachen a Panzer. Opbrieche vum Superkontinent Megagäa an Entstoe vu waarme Flaachwaassermierer. | |||
PROTEROZOIKUM Entstoe vu komplexen Eenzeller: Bakterien a Algen. |
Neoproterozoikum | Ediacarium | 630 M | Nom Enn vun der globaler Veräisung Entfalung a Verbreedung vun den Villzeller ("Ediacara-Fauna"). | |
Cryogenium | 850 M | Éischt Villzeller (Metazoen). Global Veräisungen ("Snowball Earth"). | |||
Tonium | 1.000 M | Éischt Déierefossilien. | |||
Mesoproterozoikum | Stenium | 1.200 M | |||
Ectasium | 1.400 M | ||||
Calymmium | 1.600 M | ||||
Paläoproterozoikum Bléizäit vun de Stromatolithen. |
Statherium | 1.800 Ma | Éischte fräie Sauerstoff an der Atmosphär. | ||
Orosirium | 2.050 M | Éischt eenzelleg Planzen (Gréngalgen) und Déieren (Protozoen) mat Zellkär ("Eukaryoten"). | |||
Rhyacium | 2.300 M | Éischt Äiszäit. | |||
Siderium | 2.500 M | Éischt komplex Eenzeller mat Organellen. | |||
ARCHAIKUM Entstoe vum Liewen. |
Neoarchaikum | 2.800 M | |||
Mesoarchaikum | 3.200 M | Éischt Stromatolithen: Entwécklung vun der Photosynthes duerch Cyanobakterien ( Bloalgen). | |||
Paläoarchaikum | 3.600 M | Éischt Bakterien(Schizophyta) a Bloalgen (Cyanophyta). | |||
Eoarchaikum | 3.800 M | Ufank vun der chemescher Evolutioun: komplex organesch Moleküler. | |||
HADAIKUM | 4.570 M | Entstoe vun der Äerd. |