Pangäa
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Pangäa oder Pangaea (griich.: Pan-Gaea - ganz Äerd) war dee leschte globalen Superkontinent vun der Äergeschicht.
D'Landmass vun der Äerd huet virun 255 Milliounen Joer vun engem Pol zum aneren een eenzegen Äerddeel gebildt. De genee Verlaf vun der Küst ass allerdéngs net bekannt, genau esou wéineg wéi d'Lag an d'Gréisst vun de Séien an de Bannenmierer.
Pangäa, de Superkontinent vun der Urzäit, huet bal dat ganzt Festland vun der Äerd an enger eenzeger gewalteger Landmass vereent, déi sëch vum Nord- bis zum Südpol erstreckt huet. Den Panthalassa war den Ozean dee ronderem dëse Kontinent war an de ganze Planet emspaant hat.
D'Landschaft vum Superkontinent war villfälteg an d'Period vum Pangäa, déi ronn 110 Millioune Joer gedauert huet, war den Iwwergang tëscht zwee Äerdzäitalter: dem Äerdaltertum an dem Äerdmëttelalter.