Fédération Luxembourgeoise de Handball
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D' Fédération Luxembourgeoise de Handball, ofgekierzt F.L.H., ass de lëtzebuergeschen Handballverband.
D' F.L.H.. ass 1946 gegrënnt ginn. Dat selwecht Joer war d’ F.L.H. Grënnungsmember vun der Internationaler Handballsfederatioun I.H.F..
1991 huet d’ F.L.H. zu de Grënnungsmembere vun der Europäescher Handballsfederatioun E.H.F. gehéiert.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Affiliatiounen
- Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois (C.O.S.L.)
- European Handball Federation (E.H.F.) zënter 1991
- International Handball Federation (I.H.F.) zënter 1946
[Änneren] Presidenten
Aktuelle President ass de Paul Olk.
[Änneren] Veräiner
18 Veräiner si Member vun der F.L.H.:
Club | Duerf/Gemeng | Grënnungsjoër | Internetsite |
HBC Bascharage | Käerjeng | 1974 | www.hbcb.lu |
HC Berchem | Bierchem/Réiser | 1962 | www.hcberchem.lu |
HB Bettembourg | Beetebuerg | 1979 | www.hbb.lu |
Chev Diekierch | Dikrech | 1964 | www.chev.lu |
HB Dudelange | Diddeleng | 1959 | www.hbd.lu |
HB Echternach | Iechternach | 1976 | www.hbe.lu |
Handball Esch | Esch-Uelzecht | 2001* | www.handballesch.lu |
HB Museldall Grevenmacher | Gréiwemaacher | 1979 | www.hbmuseldall.lu |
HB Mersch 75 | Miersch | 1975 | www.hbmersch.com; |
Handball Nidderkuer | Nidderkuer/Déifferdeng | ||
Handball Club Péiteng | Péiteng | 1962 | www.hbp.lu |
HC Atert Rédange | Réiden (Atert) | 1971 | |
Handball Red Boys Differdange | Déifferdeng | 1939 | www.redboys.lu |
Espérance Rumelange | Rëmeleng | 1963 | |
HBC Schifflange | Schëffleng | 1979 | www.hbcs.lu |
Handball Strassen | Stroossen | 1984 | |
HC Standard Luxembourg | Lëtzebuerg | 1967 | |
HC Arlonais | Arel (Belsch) | 1980 |
* Fusioun aus de Veräiner C.S. Eschois/Fola an dem H.C. Fraternelle Esch