Handball
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Handball, oder Halenhandball, zielt zu engen vun deene Sportarten mat deem meeschte Kierperkontakt. Déi zwou Equipë musse probéieren, de Ball am Géigner säi Goal ze schéissen.
Den Handball gouf soss um Feld (Feldhandball) gespillt, haut awer haaptsächlech an der Hal. Ëmmer méi beléift ass hautesdaags de Beachhandball fir op der Plage. An Amerika gëtt och nach e Cityhandball fir an der Stad.
.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Historique
Handball-ähnlech Spiller goufen et schonn an der Antikitéit. An der Odyssee vum Homer goufen d'Spiller vun Urania beschriwen. Bei de Réimer gouf et Harpaston genannt. Béid Spiller hate verschidden Eegeschafte vum Handball. De Walther von der Vogelweide huet och vun engem Fangballspiel geschriwen.
1906 eréischt huet den dänesche Schoulmeeschter Holger Nielson déi éischt Regele geschriwwen a Matcher organiséiert. Nom Krich, 1946, gouf d'International Handballfederatioun (kuerz IHF) gegrënnt. 1991 gouf och déi Europäesch Handballfederatioun (kuerz EHF) gegrënnt. A béide Fäll war eis national Federatioun, d'FLH, Grënnungsmember.
[Änneren] Spillfeld
huet eng rechteckeg Form vu 40 op 20 Meter. Eng Mëttellinn trennt dëst Feld an zwou gleichgrouss Hallschechten.
Op de Säite stinn d'Goaler. Virun all Goal sinn zwéin Hallefkreeser gezeechnet. Dee méi klengen huet en Duerchmiesser vu 6 Meter an trennt dem Goalkipp säi Raum vum Rescht vum Terrain of. Et ass kengem Feldspiller erlaabt an dee Krees dranzetrëppelen. Deen zweeten Hallefkrees, bekannt als 9-Meter-Linn, ass gestrëchelt.
Riicht virum Goal gëtt et och nach d'7 Meter-Linn, dei ähnlech wéi beim Foussball d'11 Meter-Linn, fir Stroofwërf ass.
A spezielle Fäll kann den Terrain och méi kleng sinn.
[Änneren] Regelen
All Equip besteet aus 6 Feldspiller an engem Goalkipp. Bis zu 7 Spiller däerfen op der Bänk sëtzen.
D'Längt vun engem Match hängt vum Alter vun den Equipen of. D'Häre spillen 2x 30 Minutten. Méi Jonker spillen 3x 10 Minutten.
De Ball däerf net mam Fouss a Kontakt sinn. All anere Kierperdeel, de Knéi mat abegraff, däerfen de Ball awer beréieren. Mam Ball am Grapp däerf ee maximal 3 Schrëtt virum Dribbelen an 3 Schrëtt nom Dribbele maachen, soss gëtt et Marché. Bei engem Ballbesëtz dierf nëmmen eng Kéier gedribbelt ginn oder de Arbitter päift duebelen Dribbel (oder einfach Duebelen). Bei Marché oder Duebelen kritt de Géigner de Ball.
Wien net dribbelt, dierf de Ball héchstens 3 Sekonne behalen.
De Goalkippsraum däerf vu kengem Feldspiller beréiert ginn. Et ass allerdings erlaabt, an dëse Raum eranzesprangen, soulaang een de Ball geschoss huet ier een de Bueden nees beréiert. De Goalkipp däerf säi Raum verloossen, zielt awer dann als normale Feldspiller an däerf dowéinster och net mam Ball am Grapp a säin eegene Raum zrécktrëppelen.
Gepaff gëtt vun engem bis zwee Arbitteren um Feld an engem Offiziellen op der Auerbänk.
Jiddfer Equip däerf pro Hallschecht eng Kéier en Time-out vun enger Minutt ufroen. Dës Auszäit kann nëmme vum Arbitter geneemegt ginn, wann dës Equip am Ballbesëtz ass.
Auswiesselen däerf sou oft wéi ee wëll gemaach ginn. D'Spill gëtt dobäi net ënnerbrach. D'Ausswiessele muss awer an der Géigend vun der Mëttelfeldlinn geschéien an nëmmen op der Säit vun der Bänk.
Gewonnen huet, wien beim Ofpäifen déi meeschte Goaler geschoss huet.
[Änneren] Strofen a Feeler
D'Spiller däerfen hiere Géigner blockéieren, och duerch Kierperkontakt, an de Ball ewechhuelen. De Ball däerf awer net aus de Gräpp gerappt ginn, an de Géigner däerf och net festgehale ginn oder gestouss ginn.
Bei Feeler geet de Ball un de Géigner a folgend Strofe kënne gepaff ginn:
- Fräiworf: do wou de Feeler geschitt ass, op d'mannst awer 9 Meter vum Goal ewech. De Géigner muss op d'mannst 2 Meter vun deem, deen de Fräiworf mécht, ewechstoen. Dësen Tipp vu Strof geschitt ganz dacks, zum Beispill well dat nach ëmmer besser ass wéi datt de Géigner op de Goal kéinnt schéissen.
- 7-Meter-Schoss: gëtt gepaff wann e Spiller un enger ganz klorer Goalchance gehënnert gouf.
- Giel Kaart (Verwarnung): gëtt gezu fir de Spiller ze warnen, datt en e bëssen ze vill brutal ass.
- 2 Minutten: ginn et bei schlëmme Feeler oder bei der zweeter gieler Kaart. Dobäi muss de Spiller zwou Minuten op d'Bänk sëtze goen a séng Equip ass wärend däer Zäit an der Ënnerzuel.
- 2+2 Minutten: kënnen et gi wann de Spiller haart géint seng Strof vun 2 Minutten géint den Arbitter streit.
- Rout Kaart: gëtt et bei der drëtter gieler Kaart oder bei verschidde ganz geféierleche Feeler. No 2 Minutten däerf allerdings en anere Spiller (deen, deen d'rout Kaart krut, däerf an deem Match net méi op d'Feld) nees op d'Feld an d'Mannschaft kompletéieren.
- Ausschloss: gëtt et wann een agressiv gëtt an un de Géigner oder de Schiidsriichter wëll drugoen. An deem Fall spillt d'Equip bis zum Schluss an der Ënnerzuel.
Déi offiziell op der Bänk, Trainer, Co-trainer, Dokter... , kënnen och verwarnt ginn (wann se ze vill jäitzen). Bei der zweeter Verwarnung mussen si d'Feld verloosen.
[Änneren] Handball zu Lëtzebuerg
D'Informatiounen iwwer d'Lëtzebuerger Handballfederatioun F.L.H. an iwwer d'Veräiner zu Lëtzebuerg stinn am Artikel Fédération Luxembourgeoise de Handball.
[Änneren] Linker
[Änneren] Kuckt och
Fédération Luxembourgeoise de Handball