Claude Conter
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Claude Conter, gebuer den 2. Abrëll 1929 an der Stad, ass e Lëtzebuerger Literat.
No senger Primärschoulzäit zu Beggen huet de Claude Conter säi Secondaire am LGL, dem Jongelycée um Lampertsbierg gemaach. Den 3. Februar gouf e mat senger Famill deportéiert a si konnten eréischt de 24. Juni 1945 an hir Heemecht zréckkommen.
Seng Universitéitsetüden huet hien zu Aix-en-Provence, zu Montpellier an zu Paräis gemaach. Seng Carrière als Franséischprofesser huet zu Iechternach ugefaang. 1959 gouf en op Esch an de Jongelycée (LGE) versat, wou hie bis 1990 enseignéiert huet. Zënter 1974 huet e parallel dozou franséisch Literaturgeschicht um Centre Universitaire ginn.
De Claude Conter ass Member vun der Jury vum Servais-Präis a Vize-President vun der Sektioun "Arts et Lettres" vum Institut Grand-Ducal.
[Änneren] Säit Wierk
[Änneren] Journalistesches
- Tëscht 1962 an 1968 huet de Claude Conter eng Honnert "Lettres à Sophie" an "Disgressions" geschiwwen, déi an der Kultur-Bäilag vum Tageblatt, Le Phare publizéiert goufen.
[Änneren] Bicher
- Nuits de cristal, Lëtzebuerg, 1949.
- Petite pharmacopée portative, Déifferdeng, Collectioun "MOL" 13, 1980
- Lettres à Sophie - Disgressions, chosies, annotées et mises en page par Carlo Felten, Dikrech, Collection "APESS" 12, 2002.
[Änneren] Reaktiounen
- Promenades à travers la littérature et le temps, in: Luxemburger Wort de 7.11.2002. De Raymond Schaack iwwer dem Claude Conter säi Buch "Lettres à Sophie".