Arthur Conan Doyle
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Sir Arthur Conan Doyle, gebuer den 22. Mee 1859 zu Edinburgh a gestuerwen de 7. Juli 1930 zu Crowborough (Sussex), war en englesche Schrëftsteller.
Duerch seng psychiatresch Studien koum den Dokter Arthur Conan Doyle mat dem Spiritismus a Beréierung an hien huet doriwwer eng Rei Ofhandlunge geschriwwen. Hien huet och Gesellschafts- an historesch Romane geschriwwen, mee hien ass mat senge Kriminalromane mat de Figuren Sherlock Holmes an Dr Watson weltbekannt ginn.
Duerch den Edgar Alan Poe an de Wilkie Collins koum den Arthur Conan Doyle op d'Iddi fir 1887 seng éischt Detektivgeschicht ze verëffentlechen.