Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 24. Juli ass den 205. Dag (206. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1567: D'Maria Stuart dankt als Kinnigin vu Schottland of a leeft fort an England.
- 1983: Ufak vum Biergerkrich op Sri Lanka tëscht den Tamilen an de Singhalesen.
- 2001: De virmolegen Zar Simeon II. vu Bulgarien gëtt zum Ministerpresident gewielt.
- 1783: Simón Bolívar, südamerikanesche Politiker a President.
- 1802: Alexandre Dumas (Papp), franséische Schrëftsteller.
- 1817: Adolphe vun Nassau, spéidere Groussherzog vu Lëtzebuerg.
- 1826: Francisco Solano López, paraguayanesche Politiker.
- 1860: Alfons Maria Mucha, tschechesche Plakatkënschtler.
- 1864: Frank Wedekind, däitsche Schrëftsteller a Schauspiller.
- 1919: Ferdinand Kübler, Schwäizer Vëlosportler.
- 1940: Faustino Cima (Fausti), lëtzbuergeschen Entertainer.
- 1941: Erna Hennicot-Schoepges, lëtzbuergesch Politikerin.
- 1954: Roland Harsch, lëtzbuergesche Schrëftsteller.