1. Juli
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 1. Juli ass den 182. Dag (183. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Jun – Juli – Aug | ||||||
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 | 31 |
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Evenementer
- 1704: Lëtzebuerg: Déi éischt Nummer vun der éischter lëtzebuergescher Zeitung, La Clef du cabinet des princes de l'Europe kënnt eraus.
- 1913:Lëtzebuerg: Déi éischt Nummer vum Escher Tageblatt kënnt eraus.
- 1916: Éischte Weltkrich: Ufank vun der Somme-Schluecht, wou den éischten Dag zingdausende vu britteschen Zaldoten em d'Liewe kommen.
- 1937: Irland erkläert sech zur Republik.
- 1959: Däitschland: Den Heinrich Lübke gëtt Bundespresident.
- 1962: Ruanda gëtt vun der Belsch onofhängeg.
- 1967: Lëtzebuerg: Den obligatoresche Militärdéngscht gëtt ofgeschaf.
- 1974: Däitschland: De Walter Scheel gëtt Bundespresident.
- 1974: Guatemala: De Generol Kjell Eugenio Laugerud García gëtt duerch Wahlbedrug Staatspresident.
- 1976: Spuenien: Den Adolfo Suárez gëtt Ministerpresident.
- 1977: El Salvador: De Generol Carlos Humberto Romero Mena gëtt Staats- a Regierungschef.
- 1978: Guatemala: De Generol Romeo Lucas García gëtt duerch Wahlbedrug Staatspresident.
- 1979: Sony bréngt de Walkman op de Maart.
- 1983: Lëtzebuerg: D'Gesetz iwwert d'Restructuréierung vun der Stolindustrie zu Lëtzebuerg trëtt a Kraaft, dat et erlaabt, Mesüren ze huelen, déi am Rapport Gandois viergeschloe goufen.
- 1984: Däitschland: De Richard von Weizsäcker gëtt däitsche Bundespresident.
- 1990: Wirtschafts-, Währungs- a Sozialunioun tëschent der DDR an der BRD.
- 1991: De Warschauer Vertrag ("Warschauer Pakt") gëtt opgeléist.
- 1997: Hongkong geet u China zeréck.
- 2000: Dänemark: D'Öresundbréck tëschent Kopenhagen a Malmö gëtt ageweit.
- 2004: Däitschland: Den Horst Köhler gëtt däitsche Bundespresident.
[Änneren] Gebuer
- 1646: Gottfried Wilhelm Leibniz, däitsche Philosoph an Universalgeléierten.
- 1738: Charles Louis François de Paule de Barentin, franséische Minister.
- 1742: Georg Christoph Lichtenberg, däitsche Physiker a Schrëftsteller.
- 1766: François Scheffer, méimolegen Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.
- 1788: Jean Victor Poncelet, franséische Mathematiker.
- 1804: George Sand, franséisch Schrëftstellerin.
- 1818: Ignaz Semmelweis, éisträicheschen Dokter an Hygiène-Pionéier.
- 1872: Louis Blériot, franséische Fluchpionéier.
- 1879: Léon Jouhaux, franséische Gewerkschaftler an Nobelpräisdréier.
- 1899: Charles Laughton, amerikanesche Schauspiller a Realisateur.
- 1902: William Wyler, amerikanesche Regisseur.
- 1914: Christl Cranz, däitsch Alpineschileeferin.
- 1916: Olivia de Havilland, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1931: Leslie Caron, franséisch Schauspillerin.
- 1934: Sydney Pollack, US-amerikanesche Filmregisseur, Produzent a Schauspiller.
- 1934: Claude Berri, franséische Regisseur, Produzent a Schauspiller.
- 1935: Lothar Koch, däitschen Haubois-Spiller.
- 1937: Morgan Freeman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1953: Nico Helminger, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 1967: Pamela Anderson, kanadesch-US-amerikanescht Fotomodell a Schauspillerin.
[Änneren] Gestuerwen
- 1589: Christophe Plantin, franséische Buchdrécker an Editeur.
- 1860: Charles Goodyear, US-amerikanesche Chemiker an Ingenieur.
- 1925: Eric Satie, franséische Komponist a Pianist.
- 1940: Ben Turpin, amerikanesche Stommfilm-Komiker.
- 1955: Edward Kasner, US-amerikanesche Mathematiker.
- 1961: Louis-Ferdinand Céline, franséische Schrëftsteller an Dokter.
- 1997: Robert Mitchum, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2000: Walter Matthau, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2004: Marlon Brando, Filmschauspiller a Regisseur.
- 2004: Paul Beghin, lëtzbuergesche Politiker a Jurist.
[Änneren] Feierdeeg
Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |