Zwergstaat
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Zwergstaat ass eng inoffiziell Bezeechnung fir en onofhängegen an international unerkannte Staat, deem seng Landfläch am Verglach mat deer vun anere Staate ganz kleng ass.
An Europa ginn déi kleng Staaten, déi hir Selbstännegkeet als Fürstentum oder anert Herrschaftsgebitt zënter hirer Grënnung bis haut erhalen hunn, als Zwergstaate bezeechent. Lëtzebuerg gehéiert net dozou, well d'Fläch vun eisem Territoire mat 2.586 km² dach ze grouss fir en Zwergstaat ass.
[Änneren] Europäesch Zwergstaaten
Numm | Gréisst km² |
---|---|
Andorra | 468 |
Malta | 316 |
Liechtenstein | 160 |
San Marino | 60,57 |
Monaco | 1,95 |
Vatikanstad | 0,44 |
D'Mikronatioun Sealand (611 m²) gëtt net zu den europäeschen Zwergstaate gezielt, well se politesch net unerkannt ass.