William Ramsay
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Sir William Ramsay, gebuer den 2. Oktober 1852 zu Glasgow a gestuerwen den 23. Juli 1916 zu High Wycombe (Buckinghamshire) war e schottesche Chemiker.
De Professer fir Chimie zu Bristol an zu London huet 1894 zesumme mam Lord John Rayleigh den Edelgas Argon an 1898 mam Morris Travers d'Edelgasen Krypton, Neon an Xenon entdeckt. Hien huet ausserdem erausfonnt, datt beim Zerfall vun Radium den Edelgas Helium entsteet, den hien als éischten isoléiere konnt.
Hien huet d'Atomgewiicht vum Radon bestëmmt an huet d'Plaz vun den Edelgasen am Periodesystem vun den Elementer bestëmmt.
1904 huet hien de Nobelpräis fir Chimie kritt.