Triphop
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Triphop ass eng Pop-Musekrichtung aus den 90er aus England.
[Änneren] Wat as Triphop ?
Triphop huet sech an den 90er Joren zu Bristol (England) entwéckelt. Dësen typeschen Triphop Sound ass staark beaflosst duerch Hip-Hop an Dub, souwéi harmonesch a melodesch Elementer aus dem Pop.
Wat den Tempo betrëfft, sou läit e bei circa 80 BPM (beats per minute). Klanglech ginn et beim Triphop vill Parallelen zum Drum 'n' Bass. Wéi bei allen Electronica-Musekgenren, gëtt beim Triphop och vill mat Effektapparate geschafft.
Massive Attack (Robert "3D" del Naja, Grant "Daddy G" Marshall and Andrew "Mushroom" Vowles) hunn dëse Musekgenre staark geprägt a gëlle mëttlerweil als eng vun deene bekanntesten Triphop-Bands.
[Änneren] Artisten
- Air
- Alphawezen
- Archive
- Emiliana Torrini
- Groove Armada
- Hi-Fi Killers
- Hooverphonic
- Jaffa
- Karmacoda
- Kruder & Dorfmeister
- Lethargy
- Massive Attack
- Nightmares On Wax
- OMR
- Portishead
- Recoil
- Sirocco
- Smith & Mighty
- Smoke City
- St. Étienne
- Supreme Beings Of Leisure
- The Beta Band
- Thievery Corporation
- Zero 7