Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions Stauséi Uewersauer - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Stauséi Uewersauer

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Stauséi Uewersauer ass d'Resultat vun der Constructioun vum Barrage Esch-Sauer am ieweschtem Deel vum déif ageschniddenem Éisleker Sauerdall mat géien a Bësch bewuessenen Häng. De Stauséi, dee gréisstendeels vun der Sauer gespeist gëtt, gëllt als nationalen Drénkwaasserreservoir an ass d'Kärstéck vum Naturpark Uewersauer.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Entsteeung a Geschichtleches

Ufanks vun de 1950er Joeren huet d'Lëtzebuerger Regierung decidéiert fir d'Drénkwaasserversuergung op Fléisswaasser (Uewerflächewaasser) zréckzegräifen. Well et zu Lëtzebuerg keng gréisser natierlech Séie gëtt, konnt d'Waasserversuergung just duerch e Staudamm geléisst ginn. Dat enkt Flossdall vun der Uewersauer mat de fielsegen Uferen, déi dem Staudamm sécheren Halt erméiglechen, der wéineg bewunnter Regioun ouni Industrie waren déi ideal Viraussetzunge fir e kënschtleche Séi unzeleeën.

De Staudamm zu Esch-Sauer
Vergréisseren
De Staudamm zu Esch-Sauer

D'Bauzäit vum Barrage mat senger 47 m héijer Boustaumauer huet knapps dräi Joer vun 1955 bis 1957 gedauert. E gudde Kilometer flossopwäerts vun der Uertschaft Esch-Sauer geleeën, ass de Barrage 1959 am Laf vum Joer eng éischte Kéier gefëllt ginn a soll nieft der Produktioun vun Drénkwaasser nach Fräizäitaktivitéiten, d'Produktioun vun Energie an d'Regulatioun vun der Sauer erméiglechen.

1962 ass de Syndicat des Eaux du Barrage d'Esch-sur-Sûre kuerz SEBES gegrënnt ginn, där hir Aufgab et ass d'Stauséiwaasser zu Drénkwaasser opzebereeden a schliisslech an d'Verdeelernetzer vun de verschiddene Gemengen anzespeisen. D'Opbereedungsanlage vun der SEBES, déi haut zirka 70 Prozent vun der Lëtzebuerger Populatioun mat Waasser versuergt, stinn zu Esch-Sauer.

Zweemol bis elo ass de Stauséi auslafe gelooss ginn, fir d'lescht am Joer 1991 wéinst Entretiensaarbechten un der Staumauer an dem Opriichte vun engem verstellbarem Waasserentnahmetuerm fir d'SEBES-Opbereedungsanlag. Dësen Dispositif soll et erméigleche fir Waasser a verschiddenen Déiften ze enthuelen, nodeems am Oktober 1986 gréisser Kéipp vun Alge sech am Bett vum Stauséibaseng virun der Staumauer ofgesat an ugesammelt haten. Beim Auslafeloosse sinn deemools och nees eenzel Gemaier an Iwwerreschter vun de sechs Millen aus dem Dall an déi al Sauerbréck zum Virschäi komm, déi zënter Enn vun den 1950er Joere vum Stauséi iwwerschwemmt ginn.

[Änneren] Stauséi a Fräizäitgebitt

Virbarrage Misärsbréck beim Eidellafeloossen 1991
Vergréisseren
Virbarrage Misärsbréck beim Eidellafeloossen 1991

Matzen am Naturpark Uewersauer geleeën, ass den zirka 19 km laange Stauséi mat sengen dräi gréisseren Niewenäerm a sengem 42 km laangem Ëmfank ouni Zweiwel dat wichtegst a landschaftsprägend Stéigewässer vum Land. Bei maximaler Fëllung huet de Séi, deem säin Anzuchsberäich eng Fläch vu 428 km² huet a wouvu 64% op belschem Terrain leien, eng Déift vun 43 m, bedeckt eng Fläch vun 3,8 km² an huet e Fassungsverméige vu ronn 60 Mio. Kubikmeter. Fir den Niveau vum Stauséi ze regelen an Dreifholz a Sandpartikelen opzefänken, si flossofwäerts vum Lieu-dit Misärsbréck an am Niewenaarm vu Béiwen zwee Virbarrage mat enger Stauhéicht vun 9,6 respektiv 23 m gebaut ginn, déi och nach ënnert dem Numm Barrage Misärsbréck a Barrage Béiwen bekannt sinn. Aus Waasserschutzgrënn ass d'Stauséigebitt an zwou Schutzzonen opgedeelt. An der Zon 1, déi vun der Staumauer bis zu der Uertschaft Lëlz reecht, sinn Aktivitéite mam direkte Kontakt vum Waasser ze ënnerloossen.

D'Misärsbréck
Vergréisseren
D'Misärsbréck

Eng ganz Rëtsch Fräizäit- a Waassersportméiglechkeete sinn am a ronderëm de Séi bannent der Schutzzon 2 méiglech. Am Alaf vum Séi bei der Misärsbréck, wou d'Waasser éischter niddereg ass, bidde sech gutt Conditioune fir vum Boot oder vum Bord aus ze fëschen. Am ënneschte Beräich vum Séi rondrëm de Fräizäitzenter Lëlz kënnt de Seegeler a Surfer op seng Käschten, während de Schnorcheler an Taucher d'Ënnerwaasserwelt vun der versénkter Landschaft erfuersche kann. Motorboote sinn um Stau net zougelooss, dofir kann een de Séi awer mam Kanu oder Kayak erueweren oder en Tour mam Solarboot maachen. D'Géigend ronderëm de Séi kann een zu Fouss, mam Vëlo oder Päerd op engem vun de ville Weeër kenneléieren oder sech op enge vun de Plagen zu Lëlz, Ënsber, Léifreg oder Baschelt gemittlech maachen.

[Änneren] Liewensraum Séi

De Stauséi Uewersauer ass och e Liewensraum fir eng Partie Fësch a Vullen. Am kille Waasser vum Séi liewen de Blénkert (Alburnus alburnus), d'Routa (Rutilus rutilus), d'Piisch (Perca fluviatilis) an den Hiecht (Esox lucius). Heefeg ass de Fëschreier (Ardea cinerea) um Ufer vum Séi ze gesinn, während de méi raren Äisvull (Alcedo atthis) niddereg a séier iwwert d'Waasseruewerfläch flitt.

[Änneren] Kuckt och

Aner Sproochen
THIS WEB:

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - be - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - closed_zh_tw - co - cr - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - haw - he - hi - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - ru_sib - rw - sa - sc - scn - sco - sd - se - searchcom - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sq - sr - ss - st - su - sv - sw - ta - te - test - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tokipona - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007:

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - be - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - closed_zh_tw - co - cr - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - haw - he - hi - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - ru_sib - rw - sa - sc - scn - sco - sd - se - searchcom - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sq - sr - ss - st - su - sv - sw - ta - te - test - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tokipona - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia 2006: