Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Éislek - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Éislek

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Am Éislek
Vergréisseren
Am Éislek

D'Éislek ass den nërdlechen Deel vu Lëtzebuerg.

Et ass de lëtzebuergeschen Numm vun der geologescher Formatioun, déi "Rhäinesche Schifer" genannt gëtt, an déi sech vu Frankräich duerch d'Belsch a Lëtzebuerg bis eriwwer an Däitschland zitt.

A Frankräich heescht se "Ardennes", an der Belsch "Ardenne" (an der Eenzuel) oder "Aquilaine", an Däitschland "Eifel". "Schnee-Eifel" oder "Schneifel" bezeechent an Ostbelgien an an Däitschland déi héchsten Deeler vun der Eifel. De Grenzraum zu eisem Éislek heescht an Däitschland "Islek" an am südlechen Deel vun Ostbelgien "Eeslek".

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Geographie

Als den nërdlechen Drëttel vu Lëtzebuerg a mat enger Gesamtfläch vun ongeféier 830 km², grenzt d'Éislek südlech op enger imaginärer Linn, déi ënnert Pärel am Weste bis ënnert Veianen am Oste verleeft, un d'Guttland. Tëscht 400 a 500 m an der Moyenne iNN geleeën, ass d'Éisleker Landschaft geprägt vun enger liicht no Süde falender Héichflächelandschaft mat wellefërmegen Hiwwelen an déif ageschnidde Flossdäller. Op Kneiff an d'Buergplaz zu Huldang am Norde vum Éislek si mat ëm 560 m déi zwou héchste Koppen aus dem Grand-Duché. Mam Stauséi Uewersauer am Naturpark Uewersauer a mam Barrage vu Veianen am Naturpark Our zielt d'Éislek zwee vun de gréisste lëtzebuergesche Stéigewässer.

Am Norden ass d'Éislek geprägt vun engem wäitem, nëmme liicht hiwwelegen Héichplateau, op deem nërdwestlech flaach Däller zu Suppen a Moueren tendéieren. No Süden hi ginn d'landwirtschaftlech genotzten Héichflächen duerch enk an dacks mat Wise bewuesse Flossdäller vun Uewersauer, Our, Wolz, Klierf a Blees duerchschnidden. Dës mat Bësch bewuessen Dallpente setze sech gréisstendeels am mëttleren a südlechen Deel vum Éislek aus Louhecken zesummen. Heibäi handelt et sech ëm Eechen, déi virun ongeféier 300 Joer ugeplanzt goufen an eng grouss wirtschaftlech Bedeitung fir d'Regioun haten. Hir Schuele sinn zum Gierwe vu Lieder an den Éisleker implantéierte Gierwereie benotzt ginn. Si dominéieren haut zesumme mat de Fiichtemonokulturen, déi verstäerkt nom 2. Weltkrich ugeplanzt goufen, d'Regioun an hunn déi ursprénglech Bichebëscher gréisstendeels remplacéiert.

Nieft de sëllechen idyllesche Bauerendierfer am dënn bewunnten Éislek, sinn Esch-Sauer, Klierf, Veianen a Wolz nëmmen e puer vun de mëttelalterlechen Uertschaften, déi op Hiwwelkoppen oder Fielshäng iwwer stolz Schlässer a wierhaft Buerge verfügen.

[Änneren] Geologie

D'Éislek besteet aus methamorphem Gestengs, dat ursprénglech aus der Zäit vum Ënneschten Devon (Siegenien a Emsium) staamt. Deemools war d'Regioun vun engem risegen, flaache Mier bedeckt, an deem sech an der Éisleker Géigend haaptsächlech Sedimenter vun Toun a Sand ofgelagert a sech iwwer d'Zäit verfestegt hunn. D'Entwécklung vun der häiteger Landschaft huet am Ënneschte Karbon virun zirka 330 Millioune Joere mat der variskescher Faltung vum devonesche Gestengs ugefaang. Déi gefaalte Steng goufen zum Rhäinesche Schifergebirge eraus gehuewen an iewescht Schichten nees relativ séier duerch Erosioun ofgedroen, ier am Tertiär virun zirka 50 Millioune Joere sech d'Landschaft nees lues gehuewen huet an d'Flëss sech an d'Gestengs agedéift hunn. Duerch enormen Drock an Hëtzt, déi duerch d'Faltung entstan sinn, ass vill d'devonesch Gestengs an aner Gestengs ëmgewandelt ginn. Am Éislek waren dëst virun allem Schiferen a Quarziter.

De geologeschen Ënnergrond am Éislek besteet nërdwestlech an am südlechen Drëttel aus Gestengs aus dem Siegenien. Do tëscht leie Schichten aus dem Emsium. Déi eelste Steng (Ënneschten a Mëttlere Siegenien) bestinn aus Quarzophylladen, quarzeg Sandsteng a sandeg kompakt Schiferen a kommen nëmme laanscht d'belsch Grenz am Nordweste vum Éislek vir. Den Ieweschte Siegenien ëmfaasst haaptsächlech Graffschifere mat seelene Bänke vun tounegem Sandsteen. Liicht spléckbar Tounschifere kommen an der Géigend ëm Maarteleng vir, déi do als Leeë laang Zäit ofgebaut goufen.

D'Schifere vu Stolzebuerg (Schifer mat gudder Schichtung, Quarzophylladen a seelene Bänke vu Quarzsandsteen) an de Quarzophyllade vu Schuttbuerg, déi zousätzlech nach Quarzsandsteen enthalen, stamen aus dem Ënneschten Emsium. De Mëttleren Emsium ëmfaasst déi faarweg Klierfer Schiferen. Si bestinn aus grénglechgroen, groen oder wäiroude Schiferen a Sandsteen. Dat jéngsten Éisleker Gestengs läit an der Wëlzer Kaul, déi vun der belscher Grenz bei Harel nërdëstlech an enger Sträif queesch duerch d'Éislek op déi däitsch Grenz bei Rouderssen ausleeft. De Kär vun dëser Kaul forméieren déi mëll touneg-sandeg, donkelblo a fossilräich Wëlzer Schiferen aus dem Ieweschten Emsium. Si ginn ëmrand vun enger dënner Sträif vum Quarzit vu Bärel (Hasselter), dee mat engem Quarz-Gehalt vu 95-98% dat häertste Gestengs aus Lëtzebuerg ass. Gréisser Carrièren ëm Bärel an Op Freng tëscht Pënsch a Buckels hunn dëst Gestengs exploitéiert.

D'Éisleker Steng zerfalen zu nährstoffaarmen, stengeg-leemege Biedem, deenen et virun allem u Phosphor a Kallek feelt. Eréischt d'Industraliséierung am Süde vum Land huet den Akerbau am Éislek staark verbessert. Déi räich u Phosphor Thomasschlak, e Nieweprodukt aus de Schmelzen, konnt reng gemuel als Düngemëttel benotzt ginn.

[Änneren] Klima

Wéi och d'Guttland, gehéiert d'Éislek zu engem vum Atlantik beaflosste geméissegte Klima. Allerdéngs ass d'Klima bësselche méi rau a méi fiicht ewéi am Guttland. Déi mëttels Joerstemperature leie bei 7-8,5°C. Si erkläeren déi grouss Zuel u Fraschtdeeg am Joer (iwwer 100) an am Wanter déi méi laang Schnéiperiod, déi bis an de Mäerz dauere kann. Nëmmen am Kiischpelt an am südlechen Ourdall sinn d'Duerchschnëttstemperature bësselche méi mëll a leien tëscht 8,5 an 9°C. Déi duerchschnëttlech Temperature vu Mee bis September leien op den Héichplateaue bei 13-14°C an an de Flossdäller bei 14-15°C. Domadder ass d'Vegetatiounsperiod mat 150 Deeg, wou Temperaturen iwwer 10°C leien, ganz kuerz. Typesch fir d'Éislek sinn och déi erhéichten Nidderschléi. Si leien tëscht 850 an iwwer 1000 mm pro Joer, wouvun zirka 400 mm am Summer falen. Den Norden an Nordweste kréien an der Regel bësselche méi Ree mat.

[Änneren] Geschicht

Während dem Zweete Weltkrich ass d'Éislek net verschount bliwwen. Besonnesch an der Ardennenoffensiv am kalem Wanter mat vill Schnéi am Dezember 1944 an am Januar 1945 huet d'Regioun schwéier Kämpf missen erleiden. De Krichsschued war grouss an d'Verloschter héich.

[Änneren] Linken

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com