Siegfried I. vu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Siegfried I. ? – 998 |
||||||
Bild feelt nach | ||||||
Grof vu Lëtzebuerg | ||||||
---|---|---|---|---|---|---|
|
||||||
|
De Karolinger Grof Siegfried I. († 998 an der Räichsabtei St. Maximin zu Tréier) gëllt als Grënner vun der Grofschaft Lëtzebuerg.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Säi Liewen
De Siegfried war Vogt vum Klouschter Iechternach a vun der Räichsabtei St. Maximin vun Tréier.
963 huet hee mat dem Abt Wikerus vun der Räichsabtei St. Maximin vun Tréier en Tosch ausgemaach: seng Lännereie zu Feelen géint dem Klouschter säi Bockfiels mam Réimerkastell Lucilinburhuc. De Siegfried huet do eng Buerg baue gelooss, déi geschwë Lützelburg genannt gouf an duerno Lëtzebuerg, wat dann och dem ganze Land den Numm ginn huet.
D'Joer drop, 964, huet e vum Tréirer Äerzbëschof Heinrich Lännereie bei Saarburg kaaft an do um Inselbierg d'Buerg Saarburg baue gelooss.
[Änneren] Famill
De Siegfried war de Bouf vum Pfalzgrof Wigerich vu Loutrengen, Grof am Tréier-, Bid- an Ardennegau, a senger Fra Kunigunde, Gräfin vu Verdun an Kandskand vum Kinnek Louis den Tuddler.
Heen huet d'Hedwig vun Elsass bestuet, mat deer heen eelef Kanner hat, dorënner:
- Heinrich I., Grof vu Lëtzebuerg
- Adalbero, Äerzbëschof vun Tréier
- Luitgard: 980 bestuet mam Grof Arnulf vun Holland
- Eva: 1000 bestuet mam Grof Gerhard vun Elsass
- Kunigunde: 1001 bestuet mam spéidere Keeser Heinrich II.
- Dietrich II., Bëschof vu Metz
[Änneren] Literatur
- Klein, René: Wer waren die Eltern von Graf Sigfrid? : eine neue Hypothese zum Ursprung des ersten Luxemburger Grafenhauses - In: Tempus edax rerum : le bicentenaire de la Bibliothèque nationale de Luxembourg (1798 - 1998). - Luxembourg : Bibliothèque nationale, 2001. - P. 163-170, fig.
Virgänger: - |
Grof vu Lëtzebuerg 963- 998 |
Nofolger: Heinrich I. |