Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Tréier - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Tréier

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Tréier
Land Däitschland
Bundesland: Rheinland-Pfalz
Landkrees: Kreesfräi Stad
Koordinaten: 49° 45' N,
06° 38' O
Fläch: 117,14 km²
Awunner: 99.685 (2005)
Bevëlkerungsdicht: 853 / km²
Héicht: 124 m i. NN
Buergermeeschter: Helmut Schröer

Tréier (de: Trier; fr: Trèves) ass eng däitsch Stad a Rheinland-Pfalz a gëllt mat senger méi wéi 2000järeger Geschicht als déi eelste Stad vun Däitschland. Haut ass Tréier mat sengen ëm déi 100.000 Awunner Bezierkshaaptstad vum Regierungsbezierk Tréier, Bëschofssëtz an Universitéitsstad.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Geographie

Tréier läit an engem flaachen Deel (124 m iwwert NN) vum soss esou enkem Museldall, tëscht géie roude Sandsteefielsen am Westen an deenen zum Deel mat Wäibierger bedeckten Häng am Osten, nëmme puer Kilometer vun der Lëtzebuergescher Grenz ewech. Mam Haaptdeel op der rietser Säit vum Floss grenzt d'Stad am Süd-Osten un den Hunsrück an am Nord-Westen un d'Äifel. Tréier gehéiert zu de gréisste Wäibaugemengen u Musel, Saar a Rouwer.

[Änneren] Geschicht

D'Maartplaz zu Tréier mam Tuerm vun der St. Gangolfkierch
Vergréisseren
D'Maartplaz zu Tréier mam Tuerm vun der St. Gangolfkierch

Am Joer 16 v. Chr. grënnen d'Réimer ënnert dem Keeser Augustus an der Géigend vum Stammhellegtum vun de kelteschen Treverer d'Stad mam Numm Augusta Treverorum. Ëm 275 gouf si vun den Alemannen eruewert an zerstéiert. Nom Neesopbau, ernennt de Keeser Diokletian d'Stad mam Numm Treviris zum réimescher Keeserresidenz an Haaptstad vum westréimesche Räich. Dat antikt Tréier erlieft seng Héichzäit awer réischt am fréie 4. Joerhonnert ënner dem Régime vum Keeser Konstantin a gëllt der Fläch no als gréisst réimesch Stad nërdlech vun den Alpen. Ëm déi selwecht Zäit huet d'Chrëschtentum sech hei ausgebreet: Eng éischte Kéier geet vun engem Bëschof Rieds.

Enn vum 5. Joerhonnert vun de Franken eruewert, huet Tréier spéider zum ostfränkesch-däitsche Räich gehéiert. Nodeems d'Stad vun de Normannen nees eng Kéier zerstéiert ginn ass, ass 958 mat der Opriichtung vum Maartkräiz déi heiteg Maartplaz zum Zentrum vun der mëttelalterlecher Stad ginn. Am 12. Joerhonnert goufen déi Tréierer Äerzbëscheef Kurfürsten an hunn Tréier zur Haaptstad vun hirem Kurstaat gemaach, déi bis zu hirer Opléisung tëscht dem 18. an dem 19. Joerhonnert schéin a béis Zäiten huet misse materliewen. Eng éischt Universitéit gouf am Joer 1473 gestëft an där zäitweis den deemolege Weihbëschhof vun Tréier Peter Binsfeld Rektor war. Bis 1797 huet déi al Universitéit funktionéiert.

Während dem Drëssegjärege Krich ass Tréier zweemol, vun de Spuenier an dono vun de Fransousen, eruewert ginn. D'Stad sollt nach e puer Mol a franséisch Hänn falen, ier se 1815 zu Preisen gehéiert huet. Nodeems si am Zweete Weltkrich zum Deel schwéier beschiedegt ginn ass, gehéiert Tréier haut zënter der Grënnung vun der Bundesrepublik Däitschland am Joer 1946 zu Rheinland-Pfalz.

[Änneren] Kuckeswäertes

Tréier ass een eezege Fräiliichtmusée mat antiken, mëttelalterlechen an neizäitege Bauten, vun deenen 1986 eng Partie zu der Weltierfschaft vun der UNESCO opgeholl gi sinn. Fonnten Objeten a Konschtwierker aus der 2000järeger Tréierer Geschicht, sinn am Landesmusée, am Städtesche Musée Simeonstift an am Bëschofleche Musée ze bewonneren.

D'Réimerbréck zu Tréier iwwert d'Musel
Vergréisseren
D'Réimerbréck zu Tréier iwwert d'Musel

[Änneren] Antikitéit

Um Maart zu Tréier
Vergréisseren
Um Maart zu Tréier
Historesche Kran un der Musel
Vergréisseren
Historesche Kran un der Musel

[Änneren] Mëttelalter

[Änneren] Neizäit

[Änneren] Bekannten Tréierer

  • Karl Marx (*1818; †1883) Philosoph, Journalist a Politiker

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com