Shirley Temple
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’ Shirley Temple *23.Abrëll 1928 zu Santa Monica a Kalifornien war fréier eng US-amerikanesch Filmschauspillerin a Scénaristin.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Biographie
D’Shirley ass d’Duechter vun engem Banquier an huet mat dräi Joer ugefaangen a klenge Filmer zur Zäit vum D.W. Griffth, am Ufank vun de Tounfilmer ze spillen. An der Serie Baby Burlesk hat si een éischte Succès: si konnt besonnesch gutt d’Marlene Dietrich nomaachen.
1934 kritt si een Engagement bei Fox a kritt an deem Joer ee speeziellen Oscar wëll si besonnesch bei der Arméi beleiwt war an zur gudder Moral vun den Truppe beigedro hat.
Si gët ee Modell fir amerikanesch Kanner an eng Industrie entsteet ëm si: Poppen Shirley Temple, Räck an Albummen fir ze molen gin ënner hierem Numm verkaaft. An den 30 Joeren ass si N°1 am Box-Office. An de Filmer Le petit Colonel, Boucles d’or a Pauvre petite fille spillt se Rollen wou et ëm Familljestréidereie geet oder d’Vereenegung vun Wäissen a Schwaarzen an Aarmen a Räichen. Mat enger Moyenne vun dräi Filmer am Joer garantéiert si de Räichtum vun der Twentieth Century Fox.
Wéi si méi al gin ass hunn d'Produzenten ugefaang sëch manner fir si ze interesséieren. Hire Succès an de Filmer L’Oiseau bleu an Young People war net ganz dichtech. Am Film Le Massacre de Fort Apache krut si nach just eng onbedeitend Roll.
1945 gët si mam Schauspiller John Agar bestued. Si hat een éischt Kand mat 17 Joer an 1948 krut d’Koppel nach ee Meedchen dat Linda gedeeft gouf. Si hu sech 1950 scheede gelooss a gläich duerno am selwëchte Joer gouf si mam Geschäftsmann Charles Black bestued. Si huet mat him nach nach zwee Kanner a fängt u Politik ze maachen. Si vertried Vereenegt Staaten an der UNO, gët Ambassadrice am Ghana 1974 -1976 , Protokollchefin a republikanesch Deputéiert vu [[San Francisco], an as Ambassadrice zu Prag 1989 -1992. Hire Mann stierwt de 4. August 2005 um myélodisplaseschem Syndrom.
Vun alle Kannerstaren war si di eenzeg déi nom Film eng zolidd politesch Carrière gemaach huet. Obschonn si Republikanerin war, war si awer och stackkonservativ an grouss Unhängerin vum Nixon.
Hir Autobiographie Child Star koum 1988 op de Maart.
Haut wunnt si zu Woodside a Kalifornien.
[Änneren] Filmographie
[Änneren] Als Schauspillerin
- 1932 : What's to Do? : Mary Lou Rogers
- 1932 : Polly Tix in Washington : Polly Tix
- 1932 : Pie Covered Wagon : Shirley
- 1932 : Merrily Yours : Mary Lou Rogers
- 1932 : Kid's Last Stand : Girl
- 1932 : The Kid's Last Fight : Shirley
- 1932 : Kid in Hollywood : Morelegs Sweettrick
- 1932 : Kid 'in' Africa : Madame Cradlebait
- 1932 : Glad Rags to Riches : Nell / La Belle Diaperina
- 1932 : Runt Page : Lulu Parsnips
- 1932 : War Babies : Charmaine
- 1932 : The Red-Haired Alibi : Gloria Shelton
- 1933 : As the Earth Turns : Child
- 1933 : Out All Night : Child
- 1933 : Dora's Dunking Doughnuts : Shirley
- 1933 : To the Last Man : Mary Stanley
- 1934 : Managed Money : Mary Lou
- 1934 : Pardon My Pups : Mary Lou Rogers
- 1934 : Carolina : Joan Connelly
- 1934 : Stand Up and Cheer! : Shirley Dugan
- 1934 : Change of Heart : Shirley, Girl on Airplane
- 1934 : Little Miss Marker : Marthy Jane, Little Miss Marker
- 1934 : Now I'll Tell : Mary Doran
- 1934 : Baby Take a Bow : Shirley Ellison
- 1934 : C'est pour toujours (Now and Forever) : Penelope 'Penny' Day
- 1934 : Bright Eyes : Shirley Blake
- 1935 : The Little Colonel : Miss Lloyd Sherman
- 1935 : Our Little Girl : Molly Middleton
- 1935 : Curly Top : Elizabeth Blair
- 1935 : The Littlest Rebel : Virginia 'Virgie' Cary
- 1936 : Captain January : Helen ('Star')
- 1936 : Poor Little Rich Girl : Barbara Barry
- 1936 : Dimples : Sylvia 'Dimples' Dolores Appleby
- 1936 : Stowaway : Barbara 'Ching-Ching' Stewart
- 1937 : La Mascotte du régiment (Wee Willie Winkie) : Priscilla Williams
- 1937 : Heidi : Heidi
- 1938 : Rebecca of Sunnybrook Farm : Rebecca Winstead
- 1938 : Little Miss Broadway : Betsy Brown / Shea
- 1938 : Just Around the Corner : Penny Hale
- 1939 : The Little Princess : Sara Crewe
- 1939 : Susannah of the Mounties : Susannah Sheldon
- 1940 : The Blue Bird : Mytyl
- 1940 : Young People : Wendy Ballantine
- 1941 : Kathleen : Kathleen Davis
- 1942 : Miss Annie Rooney : Annie Rooney
- 1944 : Depuis ton départ (Since You Went Away) : Bridget 'Brig' Hilton
- 1944 : I'll Be Seeing You : Barbara Marshall
- 1945 : L'Apprentie amoureuse (Kiss and Tell) : Corliss Archer
- 1946 : American Creed
- 1947 : Honeymoon : Barbara Olmstead
- 1947 : Deux sœurs vivaient en paix (The Bachelor and the Bobby-Soxer) : Susan
- 1947 : That Hagen Girl : Mary Hagen
- 1948 : Le Massacre de Fort Apache (Fort Apache) : Philadelphia Thursday
- 1949 : Mr. Belvedere Goes to College : Ellen Baker
- 1949 : Adventure in Baltimore : Dinah Sheldon
- 1949 : The Story of Seabiscuit : Margaret O'Hara / Knowles
- 1949 : A Kiss for Corliss : Corliss Archer
- 1958 : Shirley Temple's Storybook (série TV) : Host / Narrator / Occasional Lead Player (1958-59)
[Änneren] Als Scénaristin
[Änneren] Verdengschter a Nominatiounen
[Änneren] Verdengschter
- Doctor honoris causa vun der Universitéit vu Santa Clara a vun der Universitéit Lehigh.
- Unistitelen am Collège de Notre-Dame an op der Universitéit vu Yale.
- Lauréat vum Centre Kennedy 1978.
[Änneren] Nominatiounen
Si war am Verwaltungsroot vu verschiddene grousse Gesellschaften :
- Walt Disney Company (1974-1975)
- Institut vun Internationale Studien Universitéit Stanford
- am Root vun de auslännesche Relatiounen
- am Root vun den amerikaneschen Ambassadeuren
- an der amerikanescher Kommissioun fir d’UNESCO
[Änneren] Soss nach Interessantes
De Cocktail Shirley Temple ass no hier benannt. En ass erfonnt gin am Hôtel Royal Hawaien zu Waikiki (Hawaii).