Shōhei Imamura
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Shōhei Imamura, (jap. 今村 昌平 Imamura Shōhei), gebuer de 15. September 1926 zu Tokio an do gestuerwen den 30. Mee 2006 war e japanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
Um Filmfestival zu Cannes krut de Shōhei Imamura zwee Mol déi Gëlle Palm
De Shohei Imamura kënnt an enger gutt situéierter Famill op d’Welt. Hien as den drëtte Bouf vu véier Kanner. Säi Papp ass Dokter an dëst huet den Shohei prädestinéiert fir de selwechten Wee anzeschloen. Me et ass éischter den 12 Joer méi ale Brudder, den sech fir Theater interesséiert an och an enger Trupp spillt, deen Afloss op den Shohei huet.
1945 schreift den Imamura sech un der renomméierter Waseda Universitéit an, a studéiert Literaturwëssenschaften. E Film vum Akira Kurosawa brengt hien dozou selwer och Regisseur wëllen ze ginn.
1951 kënnt e bei de Filmstudio Shochiku, wou och den Yasujiro Ozu schafft a hie gëtt dem Ozu säin Assistent bei de Filmer Eté précoce (麦秋 Bakushû, 1951), Le goût du riz au thé vert (お茶漬の味, Ochazuke no aji, 1952) a Voyage à Tokyo' (東京物語, Tokyo monogatari, (1953).
Dës enk Zesummenaarbecht féiert dozou, datt den Imamura spéider ëmmer erëm mam Ozu verglach gouf. Den Imamura selwer awer war der Meenung, datt den Ozu nëmme géif dat “offiziellt“ Japan mat sengen Traditiounen weisen, während hien um wierkleche Japan interesséiert wier.
1954 verléisst den Imamura d’Shochiku Studioen a geet bei Nikkatsu wou en 1958 säin éischte Film dréie kann Désirs volés. Nikkatsu woer iwwer dës méi radikal an exzentrësch Produktioun net wirklech erfreet a huet den Imamura gezwongen méi op reng Ënnerhalung ausgerichte Filmer ze dréien. Et sinn dëst Devant la gare de Ginza, Désir inassouvi a Mon deuxième frère.
1961 duerf en nees en egenen Projet realiséieren. Cochons et cuirassés iwwert déi amerikanësch Militärbase zu Yokosuka. Nikkatsu woer entsaat an déi nächst zwee Joer krut den Imamura keen Optrag. 1963 inszenéiert hien La femme insecte an 1964 Désir meurtrier . Mat dësen dräi Filmer kann den Imamura sech als een vun de wichtigsten Personnagen vun der Japanëscher Nouvelle Vague etabléieren.
Fir eege Projeten ouni Contrainten kënnen ze realiséieren, grënnt den japanëschen Regisseur 1965 seng Produktiounsfirma Imamura Productions. Eischte Film ass dem Akiyuki Nozaka säi Buch Erogotoshi-Tachi (Les pornographes) aus dem Joer 1963 iwwert d’Liewen zu Osaka.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] komplett Filmographie
Joer | Originaltitel | Franzéischen Titel | Lëtzebuergsch |
---|---|---|---|
2003 | 11'09"01 | 11'09"01 | 11'09"01 |
2001 | Akai hashi no shita no nurui mizui | De l'eau tiède sous un pont rouge | Wootlecht Wasser ënnert enger rouder Bréck |
1998 | Kanzo Sensei | Docteur Akagi | Dokter Liever |
1997 | Unagi | L'anguille | Den Éil |
1989 | Kuroi Ame | Pluie noire | Schwarze Reen |
1987 | Zegen | Le seigneur des bordels | |
1983 | Narayama Bushiko | La ballade de Narayama | |
1981 | Eijanaika | Eijanaika | Firwaat net? |
1979 | Fukushu wa ware ni ari | La vengeance est à moi | |
1975 | Zoku Mikikanhei o Otte | À la recherche des soldats perdus III | |
1975 | Karayuki San | Karayuki-san - ces dames qui vont au loin | D'Madame Karayuki |
1973 | Muhomatsu Koyo ni Kaeru | Muhomatsu revient au pays natal | |
1972 | Bubuan no kaizoku | Les pirates de Bubuan | |
1971 | Mikikanhei O Otte | En suivant ces soldats qui ne sont pas revenus | |
1970 | Nippon sengo shi: Madamu Omburo no seikatsu | Histoire du Japon racontee par une hotesse de bar | |
1968 | Kamigami no Fukaki yokubo | Profond Desir des dieux | |
1967 | Ningen Johatsu | L'Evaporation de l'homme | |
1966 | Jinruigaku Nyumon: Erogotshi yori | Le Pornographe | |
1964 | Akai Satsui 赤い殺意 | Désir meurtrier | |
1963 | Nippon Konchuki にっぽん昆虫記 | La femme insecte | D'Insektefra |
1961 | Buta to Gunkan 豚と軍艦 | Cochons et cuirassés | Schwäin a Krichsschëffer |
1959 | Nianchan にあんちゃん | Mon deuxième frère | Mäin zweete Brudder |
1958 | Hateshi Naki Yokubo 果てしなき欲望 | Désir inasouvi | |
1958 | Nishi Ginza Eki mae 西銀座前駅 | Devant la gare de Ginza | Virun der Gare vu Ginza |
1958 | Nusumareta Yokujo 盗まれた欲情 | Désirs volés |
[Änneren] Literatur
QUANDT, James: Shohei Imamura, Toronto International Film Festival Group, Toronto, 1997.