Provënz Drenthe
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Provënz Drenthe | ||
---|---|---|
Basisdaten | ||
Land | Holland | |
Haaptstad | Assen | |
Fläch | 2.756,97 km² | |
Awunner | 483.173 (01. Januar 2005) | |
Reliounen | Kathoulesch: 8 % Protestantesch: 35 % |
|
ISO 3166-2 | NL - DR | |
Websäit | Provënz Drenthe | |
Laag | ||
D'Provënz Drenthe ass eng vun den zwielef hollännesche Provënzen a läit am Nordoste vum Land. Am Süde grenzt se un d’Provënz Overijssel, am Westen u Friesland, am Norden u Groningen an am Osten un Däitschland.
Drenthe ass zënter 1839 eng eegestännesch Provënz.
D’Haaptstad ass Assen.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Landschaften
Et kann een d’Provënz an dräi Landschaften andeelen :
[Änneren] D’Heedgéigend am Westen
Hei fënnt een haaptsächlech arem Sandbiedem. Op deene Biedem huet sech haaptsächlech eng Heedvegetatioun agestallt wou fréier Schoof gehal gi sinn. Durch den Asaz vu Kunstdünger sinn déi Biedem méi fruchtbar ginn an d’Schoofszuucht ass no an no duerch Wisen a Felder ersat ginn. Aner Deeler si mat Beem ugeplanzt ginn. Durch grouss Remembrementen huet dat d’Ganzt eng zimmlich geometrisch Andeelung kritt, sou datt vun aler Heedlanschaft net méi vill iwwreg bliwwen ass. Grouss Heedflächen fënnt een nach just am Nationalpark Drentschen Aa am Nordoste vun Assen.
[Änneren] D’Mueren
Am Oste vun der Provënz fënnt een vill Mueren, wou Torf ofgebaut gëtt. Fir dëst méiglech ze maachen hu mussen Entwässerungskanäl ugeluecht ginn . Et gëtt nach zwee grouss Mueren, dat eent ass den Bargerveen am Südosten, an am Südweste läit de Fochteloërveen.
[Änneren] D’Kanalgéigend
Wëll di meescht Flëss fir d’Schëffahrt ze kleng waren, sinn ee ganze Koup Kanäl gebaut ginn. Die wichtegst sinn den Drentsche Hoofdvaart, den Noord-Willems-Kanaal, den Hoogeveense Vaart an den Oranjekanaal.
[Änneren] Gemengen an der Provënz
(Awunnerzuel um Stand vum Dezember 2005).
- Aa en Hunze (25.516)
- Assen (63.323)
- Borger-Odoorn (26.301)
- Coevorden (36.134)
- De Wolden (23.768)
- Emmen (108.638)
- Hoogeveen (54.130)
- Meppel (30.507)
- Midden-Drenthe (33.325)
- Noordenveld (31.578)
- Tynaarlo (31.928)
- Westerveld (19.289)
Drenthe | Flevoland | Friesland | Gelderland | Groningen | Limburg |
Nordbrabant | Nordholland | Overijssel | Südholland | Utrecht | Zeeland