Peterhof
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Peterhof war de russeschen Zaren hire Summerpalais. De Palais selwer, säi Park, seng Sprangbueren, Cascaden a Waasserspiller si weltbekannt a ginn als Kennzeechen vun der russescher artistescher Kultur am 18. an 19. Joerhonnert betruecht. Et war de Péiter de Groussen, deen direkt um Ufank vum 18. Jorhonnert d'Initiativ ergraff huet, fir net wäit vu senger Haaptstad Sankt Petersburg, dës aussergewéinlech Summerresidenz mat allem Drumm an Drann ze bauen. Säi Park mat sengen 176 verschiddene Sprangbueren, Waasserfäll an Statuen weist en aussergewéinleche Räichtum op. Am bekannteste sinn d'Waaserspiller hannert dem Palais, do wou den Zar mam Schëff ugeluecht huet, wann en a seng Summerresidenz koum. De Palais mat senge ville Collectioune ka besicht ginn. No 1917 huet de russesche Staat de Peterhof iwwerholl a fir d'Erhalung vun dësem Bijou gesuergt. Et kann ee sech einfach net virstellen, datt Touristen, déi no Sankt Petersbuerg kommen, net och de Peterhof besiche ginn.
[Änneren] Kuckeswäertes
- De Park
- Déi grandios Waaserspiller
- D'Collectiounen am Palais