Patrizier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Patrizier waren d'Uewerschicht am antike Roum. Sie koumen aus Famillje mat berühmten oder aflossräiche Virfahren. D'Wuert Patrizier (patricius) kënnt vum laténgesche pater (Papp). D'Patrizier hu fir sech an Usproch geholl, d'Nofolger vun de Grënner vu Roum ze sinn.
Während der fréier réimescher Republik waren d'Bestiednisser tëscht Patrizier a Plebejer, dem gewéinleche Vollek, verbueden. Och den Handel war strikt getrennt. No a no hu sech dës Restriktiounen opgelockert, an d'Patrizier an d'Plebejer hun d'nobilitas, déi nei Führungsschicht vu Roum gebild.
D'politesch Fraktioun vun de Patrizier war meeschtens d'Optimates. Mee et konnt och emol firkommen, datt si hirt Gléck bei de Populares probéiert hunn. Dat berühmteste Beispill heifir ass den Julius Cäsar.
Bekannt Patrizierfamilljen, aus deene vill Konsulen an aner héich Beamte koumen, waren zum Beispill d'Cornelier, Valerier, Julier, Claudier, Aemilier, Fabier a Iunier.
Am spéidere Réimesche Räich huet de Keeser Konstantin de Groussen den Titel Patrizier als Éierentitel nees agefouert. Um Enn vum 5. Joerhonnert waren d'Patrizier déijeeneg, déi d'Muecht hannert dem Keesertroun haten, wéi zum Beispill de Stichilo, den Aetius oder de Ricimer.
Nach am Mëttelalter gouf ët Patrizierfamiljen, déi am Hellege Réimesche Räich, an Italien an a Frankräich an d'gesellschaftlech Uewerschicht gebild hunn.