Michel Jonas
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Michel Jonas (gebuer de 17. Februar 1822 a gestuerwen de 16. Juni 1884 an der Stad) war e Lëtzebuerger Affekot a Politiker; hien hat Fonctiounen an der Administratioun, an der Regierung an an der Diplomatie a war Editeur.
Tëschent 1851 an 1860 war de Michel Jonas Member vum Stater Gemengerot. Dernieft war hien Deputéierten an der Chamber. De 27. September 1860 gouf hien Directeur général (Minister) fir Justiz an der Regierung vum Victor de Tornaco. No dräi Joer gouf en Direkter am Enregistrement, an duerno Chargé d'affaires vu Lëtzebuerg zu Paräis. Als Affekot huet hie fir d'Wort Prozesser gefouert,.
De Michel Jonas war och Auteur vu Schrëften zur Reform vum Hypothéiks-System an iwwer juristesch Streidereien ëm d'Chemins de fer Guillaume-Luxembourg. Vun 1866 bis 1873 huet en de "Journal de l'enregistrement et des domaines du Grand-Duché de Luxembourg" erausginn.