Leo VIII. (Poopst)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Leo VIII. († 1. März 965) war vum 4. Dezember 963 u Poopst. Säi Poopstnumm bedeit: de Léiw (Latäin.)
Säi Virgänger Johannes XII. gouf duerch den däitsche Keeser Otto I. no enger Uklo wéinst Onwierdegkeet ofgesat an doropshin ass de Leo VIII. de 4. Dezember 963 zum Poopst geweit ginn.
De Protonotaris Leo gëllt als eng wierdeg Persoun, war awer zum Zäitpunkt vu senger Ernennung zum Poopst Laien. Géint de Kanon ass hie vum Bëschof vun Ostia an engem Dag hannerteneen zum Ostiarius, Lekter, Exorzist, Akolyth, Subdiakon, Diakon, Paschtouer an dunn zum Bëschof vu Roum geweit ginn. Domadden hat hien de Ruff als Marionett vum Keeser.
De Johannes XII. huet awer ni op seng Rechter verzicht gehat an huet nodeems de Keeser Otto Roum verlooss huet eng Synod ofgehalen. Déi selwescht Bëscheef, déi hie senger Zäit ofgesat hunn, hunn dunn de Leo VIII. ofgesat, erstaunlecherweis mam selweschten Uertdeel wéi e puer Woche virdrun. De Johannes XII. ass awer de 14. Mee 964 gestuerwen.
Ouni sech weider ëm de Leo VIII. ze këmmeren, dee beim Keeser Otto Schutz gesicht hat, hunn d'Réimer de Benedikt V. (964 - 965) zum neie Bëschof vu Roum gewielt. Den Otto, deen an dëser Poopstwahl e Broch vum Treieed gesinn huet, ass mat senger grousser Arméi géint Roum gezunn an de Benedikt V. gouf esou ofgesat. A senger Plaz koum nees de Poopst Leo VIII., deen awer scho kuerz drop am Mäerz 965 gestuerwen ass.
[Änneren] Um Spaweck
Virgänger | Nofolger | |
---|---|---|
1. Johannes XII.
2. Benedikt V. |
Lëscht vun de kathoulesche Peepst | 1. Benedikt V.
2. Johannes XIII. |