Lamia (Mythologie)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Lamia war d'Duechter vum Belos, a vun der Libye.
[Änneren] Mythos
Ursprénglech war d'Lamia eng schéi jonk Fra an déi den Zeus sech verléift huet. Aus Jalousie huet d'Hera si mat Geckegkeet geschloen sou datt si hier eege Kanner verschlong huet. Der So no ass si zu engem schreckleche Gespenst ginn dat och d'Kanner vun anere Mammen enfouert an hinnen d'Blutt ausgesaugt huet. Duerch den Zeus hat si den Don sech kënnen ze verwandelen.
[Änneren] Kuckt och
- Lemuren