Kartäuser
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Kartäuser (op fr. chartreux) bilden en Uerden vun der kathoulescher Kierch, dee vum hl. Bruno gegrënnt gouf, wéi hien sech 1084 mat sechs Compagnonen an de Massif de la grande Chartreuse zeréckgezunn huet. Et handelt sech cenobiteschen Eremitenuerden, d. h. Einsideler déi zesummeliewen: jiddereen huet en Haische fir sech mat engem Gaart. Dës Haisecher leie ronderem e Bannenhaff, mam Kierfecht dran. D'Regel vum Uerden ass ganz streng, si verbitt souzesoen all Schwätzen an all Kontakt mat der Baussewelt. Déi meescht Zäit verbrengt e Kartäuser an sengem Haischen, just 3 mol am Dag treffen se sech fir d'Gebiet an der Kierch a Sonndes fir z'iessen, eemol an der Woch maachen se och e gemeinsame Spazéiergank.
An engem Klouschter (enger Chartreuse) liewen dräi Zorte Kartäuser:
- Patere
- Bridder
- Donate
Et gëtt och e weiblechen Zweig.
D'Pateren aus dem Haaptkklouschter (Grande Chartreuse am franséischen Departement Isère) liwweren d'Kraider fir d'Produktioun vum Likör mam Numm Chartreuse.