Kamera
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Kamera (v. lat. camera - Kummer) ass en opteschen Apparat, mat deem een vun senger Ëmwelt Filmer (engl. movies) maache kann. Et schwätzt ee vun enger Filmkamera bzw. enger Videokamera.
Déi gesamt Gattung vun de Kamerae krut hieren Numm vun der Camera Obscura. Dës hat nach kee cheemesche Film fir d'Bildopzeechnung an aplaz vun engem Objektiv (Optik) hat se just e klengt Lach. Si huet hiert Bild op eng riicht Fläch projezéiert, z.B. an eng grouss Këscht an deer ee konnt erëmgoen, op eng matt Scheiw oder einfach op d'Plakk vun engem Dësch. Esou konnt een dann ganz realistesch Zeechnungen maachen.
D'Kuerzform Cam, déi vun der englescher Bezeechnung Camera ofgeleet ass, gëtt dacks och an ofgekierzte Konschtwierder gebraucht, wéi z.B. Webcam oder Digicam.
Déi wichtegst Baudeeler vun enger Kamera sinn d'Objektiv, de Verschloss, d'Steierung an de Boîtier. Am Boîtier ass bäi enger Filmkamera d'Féierung fir de liichtempfindlichen Negativfilm.
Bäi enger Digitalkamera gëtt aplaz vun engem Film e liichtempfindlichen Hallefleeder-Sensor agesat. Fir gewéinlech gebraucht een do sougenannte CCD- oder CMOS-Sensoren. Dës Sensore wandelen d'Luucht déi afällt je no senger Intensitéit an elektresch Ladung ëm. Dës gëtt no der Opnam iwert inteegréiert Schaltungen ausgelies, analog-digital-gewandelt, codéiert (cf. Datenkompressioun) an ofgespäichert. Bäi gréissere Studiokameraen kommen awer ëmmer nach Bildtuben (Vidicon) zum Asaz.
Fir d'Astronomie goufe grouss, empfindlech CCD-Sensoren entwéckelt. En plus gëtt d'Bild och zum Deel Zeil per Zeil ofgetast (Scan-Techniken Hipparcos, Raumfahrt).
Fir Loftopname goufe schonns ufanks vum 20. Joerhonnert Rakéitekameraen entwéckelt.