Hephaistos
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Hephaistos ass de griichesche Gott vum Feier, vun der Schmëtt, den Handwierker a schliisslech och vun de Kënschten an dem Handwierk am allgemengen.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geschicht
Den Hephaistos ass de Jong vum Zeus a vun der Hera. Well e schlamm war koum et och zu verschiddenen Soen, z.B. eng wou erzielt gëtt seng Mamm Hera hätt heen aus Roserei, well e mat verkrëppelte Been op d'Welt komm ass, an d'Mier gehäit. Hien ass dunn awer vum Thetys a vum Eurynome gerett a gefleegt ginn a spéider erëm ann den Olymp opgeholl ginn ass.
D'Odyssee nennt d'Aphrodite als seng Fra, ann der Ilias soll awer d'Charis seng Fra gewiescht sinn. D'Schéinheet vun deenen 2 Fraen soll der Schéinheet vun de Wierker déi den Hephaistos erschaf huet entsprach hunn.
D'Griichen hu sech virgestallt dat seng Schmëtt ënnert der Äerd war, wou seng Aarbechte mat Hëllef vun de Kyklopen entstane sinn (z.B. den Zepter vum Agamemmnon, d'Rüstung vum Achilles, de Won vum Helios, d'Halsband vun der Harmonia a vill anerer.
Fir sech un sénger Mamm ze revanchéieren huet den Hephaistos en Troun gebaut an deem d'Hera, nodeems si sech dra gesat hat, gefesselt bliwwen ass. Eréischt nodeems den Dionysos sech ageschalt huet, den Hephaistos voll gemaach, en op den Olymp geholl huet, an Drock op e gemaach huet, ass si erem fräi komm.
Wou seng Fra Aphrodite e mam Ares bedrunn huet huet en si mat engem Netz gefaang an se dem Gelächter vun den Olympier ausgesat.
Den Hephaistos hat ausser senge legitime Kanner och nach anerer mat e sëllechen anere Fraen.
[Änneren] Ursprong
Den Hephaistos kënnt wahrscheinlech aus Klengasien, mat Lemnos als wichtegstem Kultzentrum.
[Änneren] Kult
Zënter dem 6. Jorhonnert gëtt en och an Athen veréiert, wou him en Tempel, de sougenannten Theseion, gebaut ginn ass, deen de Mëttelpunkt vun deem als Fest gefeierten Hepahaistia war. Soss huet säi Kult um griichesche Festland kaum bestanen.
[Änneren] Entspriechungen
- Vulcanus (och Vulcan, oder méi al Volcanus)