Gorgonen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Gorgonen (gr. γοργόνες, gorgónes), an der Eenzuel Gorgo (gr. Γοργώ, gorgó), sinn dräi Duechtere vum Phorkys a Keto an heesche Stheno (déi déi ëmhirsträift), Euryale (déi Kraaftvoll) a Medusa (déi déi herrscht).
An der griichescher Mythologie si si Schreckgestalte mat gëllene Flilleken, Schlaangenhoer a laange Räisszenn déi jiddfereen deen se ukuckt verstengert hunn. D'Medusa war déi eenzeg vun deenen dräi déi stierflech war an ass vum Perseus gekäppt ginn. Hiere Kapp huet de Perseus der Athene duerbruecht.
Dem Hesiod no hunn d'Gorgone beim Ozean um westleche Bord vun der Äerd gelieft an den Agank zur Ënnerwelt bewaacht. Ursprénglech sollen d'Gorgone wonnerschéi gewiescht sinn. Mee nodeem d'Medusa awer vum Athene an engem vun hieren Tempele mam Poseidon erwëscht ginn ass, huet si se an en Ongeheier verwandelt, zesumme mat hieren zwou Schwësteren déi dem Medusa d'Parti gehalen hun.
E Steekapp oder d'Bild vun enger vun de Gorgonen ass dacks virun Tempelen oder Griewer, souwéi och op de Schëlder vun Zaldoten, fir d'Muecht vum Béisen ofzewieren. De Kapp ass och op ale Mënzen aus Athen ofgebild ginn.