Fathi Arafat
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Fathi Arafat (* 1933 zu Kairo; † 1. Dezember 2004 zu Kairo) war e palästinensesche Politiker an de Brudder vum Jassir Arafat.
De Fathi Arafat, vu Beruff Dokter, huet an Ägypten, Kuwait an a Jordanien gelieft. Hie war Member vum Palästinensesche Nationalrot an Éirepresident vum palästinensesche Rouden Hallefmound. 1968 war hien Matbegrënner vum Rouden Hallefmound. De Fathi Arafat huet fir déi am ganzen Noen Osten verdeelte Palästinenser ee Gesondheetssystem opgebaut.
Am Joer 1994, no dem Oslo-Ofkommes, ass hien an d'Gazasträif geplënnert, an huet do fir déi nei Palästinensesch Autonomieverwaltung vu sengem Brudder geschafft. 2001 huet hien aus Gesondheetsgrënn vu senger Funktioun als President vum palästinensesche Rouden Hallefmound demissionnéiert.
De Fathi Arafat ass den 1. Dezember 2004 an sengem Haus zu Kairo u Mokriibs gestuerwen.
[Änneren] Links
[Änneren] Intern
- Jassir Arafat
- Rouden Hallefmound