Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Europäeschen Ombudsmann - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Europäeschen Ombudsmann

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den Europäeschen Ombudsmann (oder Mediateur) ass de Vermëttler tëscht den europäesche Bierger an den europäeschen Institutiounen. All Bierger, all Entreprise, a jiddereen, deen an engem EU-Land säi Wunnsëtz huet, ka bei him eng Plainte areechen, wann e fënnt, dass eng vun dësen Institutiounen net rechtméisseg oder net reglementär gehandelt huet.

Seng Funktioun gouf duerch den Traité iwwert d'Europäesch Unioun ("Traité vu Maastricht") 1992 agefouert. Den europäeschen Ombudsmann gëtt op fënnef Joer vum Europäesche Parlament gewielt. Zënter 2003 ass dat den Nikiforos Diamandouros.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Seng Aufgaben

  • Hien dréit derzou bäi, Fäll vu "schlechter Administratioun" an den Europäeschen Institutiounen an Agencen opzedecken. "Schlecht Administratioun" ass, wann eng europäesch Verwaltung entweder net gehandelt huet, wann s'eppes hätt misse maachen, oder dat, wat se gemaach huet, falsch gemaach huet.
Beispiller wieren: Ongläich Behandlung, Diskriminéierung, Muechtmëssbrauch, keng Informatioun ginn, net justifiéiert Verspéidung, oder d'net korrekt Applicatioun vu Prozeduren.
  • Den Europäeschen Ombudsmann an den europäeschen Institutioune Recommandatioune maachen, an dem Europäesche Parlament mattdeele, wann et Problemer gouf, fir dass dëst déi néideg politesch Mesurë kann huelen.

[Änneren] Wéi kann een eng Plainte beim Mediateur maachen?

Wann der Iech als Affer vun "schlechter Administratioun" (kuckt uewen) duerch en Organ oder eng Instanz vun der EU spiert, musst Der Iech fir d'éischt op normalem administrative Wee un dëst wennen, fir ze probéieren, esou d'Situatioun riicht gebéit ze kréien.

Wann dat net geléngt, kënnt der eng Plainte beim Mediateur areechen. Dëst däef net méi spéit wéi 2 Joer nodeems der vun dëser 'schlechter Administratioun' gewuer gouft, geschéien. An ärer Plainte musst der genee uginn, ween der sidd, an iwwer wat der iech beschwéiert. Dier kënnt froen, dass är Donneeë vertraulech behandelt ginn. Eng wichteg Konditioun, fir dass är Plainte ka vum Ombudsmann behandelt ginn, ass, dass se (nach) net virun engem Geriicht agereecht ginn ass.

Méi genee Detailer fant der um Europäeschen Ombudsmann sengem Web-Site.

[Änneren] Wat geschitt dann?

Den Europäeschen Ombudsmann mécht eng Enquête op. D'Europäesch Institutiounen mussen him all déi Informatiounen iwwert déi Saach, ëm déi et geet, liwweren, an him Zougank zu deenen Dossierë ginn.

Wann de Mediateur da feststellt, dass et sech effektiv ëm "schlecht Administratioun" gehandelt huet, informéiert en déi betraffen Institutioun doriwwer a mécht e Projet wat hie wëlles huet, ze recommandéieren. Dës Institutioun huet dann 3 Méint Zäit, fir dozou Stellung ze huelen an hir Meenung zu déier Saach ze ginn.

Duerno mécht de Mediateur säin definitive Rapport fir d'Europäescht Parlament an déi betraffen Institutioun an informéiert deen, deen sech beschwéiert huet, iwwert d'Resultat vun sénger Enquête.

D'Fäll, matt deenen en ze dinn hat, publizéiert de Mediateur all Joers an engem Rapport.

[Änneren] Links

[Änneren] Intern

[Änneren] Extern

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com