Eurobilljetën
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Euro, d'gemeinsam Währung vun 12 Memberstaate vun der Europäescher Unioun, zirkuléiert a Form vu 7 verschiddene Billjetën (do dernieft ginn et 8 verschidde Mënzen). Des gofen den 1. Januar 2002 an Ëmlaf bruecht.
Am Oktober 2006 ware bal 11 Milliarde Schäiner, mat engem Wäert vu bal 590 Milliarden, am Ëmlaf.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Ausgesinn
Et ginn 7 verschidde Coupurën, déi all eng aner Faarf hunn. D'Motiver doropper representéieren d'Geschicht vun den europäeschen Architektur-stiler. Op der viischter Säit, dem Recto, si Fënsteren a Paarten ze gesinn, op der Récksäit, dem Verso, Brécken. Des solle Verbonnenheet an Oppenheet symboliséieren. Entworf huet se den Éisträicher Robert Kalina.
Op allen 8 Billjetën sinn den europäesche Fändel, d'Initiale vun der Europäescher Zentralbank a 5 Varianten (BCE, ECB, EZB, EKT, EKP), d'Ënnerschrëft vum President vun der Zentralbank, den Numm Euro a laténgescher a griichescher Schrëft, an eng Kaart vun Europa op der Récksäit.
Numm | Dimensiounen | Haaptfaarf | Architektur | Epoch | Positioun vum Plakke-Code |
---|---|---|---|---|---|
5 Euro | €5 |
|
|
|
|
|
10 Euro | €10 |
|
|
|
|
|
20 Euro | €20 |
|
|
|
|
|
50 Euro | €50 |
|
|
|
|
|
100 Euro | €100 |
|
|
|
|
|
200 Euro | €200 |
|
|
|
|
|
500 Euro | €500 |
|
|
|
|
|
[Änneren] Wou gouf de Schäin gedréckt, a ween huet en erausginn?
Aanescht ewéi d'Euromënzen hun d'Eurobilljetë keng national Säit, déi giff weisen, vu wou de Billjet hirkënnt. Dofir kann een um Buchstaw virun der Seriennummer gesinn, wat fir eng National Zentralbank de Schäin erausginn huet.
Code | Land |
---|---|
|
Belsch |
|
Griicheland |
|
Däitschland |
|
( Dänemark) |
|
Spuenien |
|
Frankräich |
|
Irland |
|
Italien |
|
Lëtzebuerg |
|
Net verginn |
|
Holland |
|
|
|
Éisträich |
|
Portugal |
|
Finnland |
|
( Schweden) |
|
( Groussbritannien ) |
D'Buchstawe W, K a J si reservéiert fir déi Länner, déi den Euro nach nët agefouert hunn.
Op der viischter Säit verstoppt ass de Code, duerch deen d'Dréckerei z'erkennen ass: de Plakke-Code. An der éischter Tabell uewe steet, wou de Code ze fannen ass. De Buchstaf steet fir d'Dréckerei (kuckt hei drënner) D'Coden A, C an S si reservéiert fir Dréckereien, déi bis ewell keng Billjetën drécken. D'Dréckerei muss net noutwennegerweis an deem Land sinn, dat de Billjet erausgëtt: Sou sinn z.B. verschidde finnesch Eurosschäiner an enger englescher Dréckerei gedréckt ginn. De Buchstaf an d'Ziffer um Wupp vum Code ginn un, wou de Schäin um Drockerbou war: A1 ass uewe lénks, J6 ass ënne riets.
Code | Dréckerei | Uertschaft | Staat |
---|---|---|---|
|
(Bank of England Printing Works) | (Loughton) | (Groussbritannien) |
|
net a Gebrauch | --- | --- |
|
(AB Tumba Bruk) | (Tumba) | (Schweden) |
|
Setec Oy | Vantaa | Finnland |
|
F. C. Oberthur | Chantepie | Frankräich |
|
Österreichische Banknoten und Sicherheitsdruck GmbH | Wien | Éisträich |
|
Johan Enschedé & Zn. | Haarlem | Holland |
|
De la Rue | Gateshead | Groussbritannien |
|
net a Gebrauch | --- | --- |
|
Banca d'Italia | Roum | Italien |
|
Central Bank of Ireland | Dublin | Irland |
|
Banque de France | Chamalières | Frankräich |
|
Fábrica Nacional de Moneda y Timbre | Madrid | Spuenien |
|
Bank of Greece | Athen | Griicheland |
|
net a Gebrauch | --- | --- |
|
Giesecke & Devrient | München & Leipzig | Däitschland |
|
net a Gebrauch | --- | --- |
|
Bundesdruckerei | Berlin | Däitschland |
|
(Danmarks Nationalbank) | (Kopenhagen) | (Dänemark) |
|
Banque Nationale de Belgique | Bréissel | Belsch |
|
Valora | Carregado | Portugal |
[Änneren] Biller vun de Billjetën
|
|
|
---|---|---|
|
||
|
||
|
||
|
||
|
||
|
||
|